Et wier erkannt gi, datt de Leidensdrock an de Schoulen net méi ignoréiert kéint ginn an, datt d‘Suergen um Terrain gehéiert géife, esou d'Enseignantsgewerkschaft vum OGBL an hirem Communiqué.
E puer Punkten awer vermësst den SEW/OGBL am neien Aktiounsplang fir Inklusioun am Fondamental. Zum Beispill eng kloer Äntwert op d‘Fro vun der Volonté parentale an akuten a grave Situatiounen. Do sollt erlaabt ginn, am Interessi vum Kand, provisoresch psycho-edukativ mam Kand ze schaffen, an d‘Elteren dann ze informéieren.
Handlungsfäegkeet wier aktuell staark limitéiert
Déi aktuell Dispositioune géifen d‘Handlungsfäegkeet nämlech staark limitéieren. Den SEW vermësst och wichteg Detailer, wéi déi verschidden ugekënnegt Mesurë konkret ëmgesat solle ginn. Déi misst onbedéngt mat den Acteuren um Terrain beschwat ginn. Den SEW huet am Abrëll eng Entrevue mam Minister, wou iwwer d‘Detailer soll geschwat ginn.
Den DP-Educatiounsminister hat den 23. Mäerz den éischten nationalen Aktiounsplang fir déi schoulesch Inklusioun am Fondamental virgestallt. Viséiert sinn an éischter Linn Kanner, déi "sozio-emotional" Schwieregkeeten hunn oder eventuell gewaltbereet sinn.