Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enseignante vum Fach VIESO kommen eng éischte Kéier zesummen

Educatioun

Enseignante vum Fach VIESO kommen eng éischte Kéier zesummen

Nächsten Donneschdeg ass fir d‘éischte Kéier e sougenannte "Vieso-Dag", wou all Enseignanten aus dem Secondaire, déi d'Fach Vie et sociale ginn, beienee kommen. Dat annoncéiert den nach-Educatiounsminister Claude Meisch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. 

auto_stories

1 min

Claude Meisch | © Nicolas Calmes

Op där Journée solle Gedanken ausgetosch ginn, en vue vun enger méi grousser Analyse vum Fach VIESO.

Bis elo wier nach keng richteg Evaluatioun vun deem Cours gemaach ginn, sou wéi dat am Ufank ugekënnegt gi war. 2017 wier zwar eng intern, net representativ Ëmfro gemaach ginn, an d‘Fach och deelweis adaptéiert ginn. 

2019 war eng méi grouss Analys geplangt, déi awer duerch d‘Covid-Pandemie ni duerchgefouert ginn ass, sou nach den DP-Minister. Deen och drop opmierksam mécht, dat sech an de leschte Joren och keng Lëtzebuerger Reliouns-Communautéit méi gemeld hätt fir en Echange.