Fir de sougenannte “Luxmobil2025” gouf den ILRES beoptraagt, ee representativen Echantillon, bestoend aus ronn 8.000 zoufälleg ausgewielte Persounen, per Telefon ze befroen. Ënnert anerem doriwwer, wéi a wéini den ëffentlechen Transport benotzt gëtt, a wéi zefridden ee mat der Offer ass.
Op Basis vun deenen Donnéeë soll dann den nächsten “Plan national de mobilité” konzipéiert ginn, erkläert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.
“Wat mir lo hei maache mat de Resultater vun dëser Enquête ass dann och d’Basis fir den nächste Mobilitéitsplang, deen da géif PNM 20240 heeschen, deen ech dann och virum Enn vun dëser Legislaturperiod wëll presentéieren, am Prinzip 2027.”
Nodeems all d’Donnéeën anonymiséiert goufen, sollen d’Resultater och dem grand public virgestallt ginn. De Käschtepunkt vun dëser Enquête läit der Mobilitéitsministesch no bei ronn 2,5 Milliounen Euro.