Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - Indeed It Is

play_arrow Live
search

/ Enquête beim CHL: 200.000 Euro sollen ënnerschloe gi sinn

Centre Hospitalier

Enquête beim CHL: 200.000 Euro sollen ënnerschloe gi sinn

Beim Centre Hospitalier an der Stad leeft eng gréisser Enquête géint eng Persoun déi 200.000 Euro soll ënnerschloen hunn. Dës Nouvelle vun der Gratis Zeitung L‘Essentiel krute mir vum Justizspriecher Henri Eippers confirméiert.

auto_stories

1 min

Wéi et heescht, wier déi verdächtegt Persoun war zäitweis präventiv festgehale ginn, mee awer elo nees op fräiem Fouss. D’Enquête leeft weider, esou de Justizspriecher.