Text: Jimmy Bruch
Et handelt sech bei den Dekreeter ëm eng Aart Gesetzer, déi den US-Präsident ordonéiere kann.
“Vun haut u wäert eist Land opbléien an erëm iwwerall op der Welt respektéiert ginn”, esou den neien US-President Donald Trump. “Mir wäerten den Näid vun all Natioun sinn, a mir wäerten net weider dobäi nokucken, wéi mir ausgenotzt ginn.”
Vun den ënnerschriwwenen Dekreeter hunn der vill als Zil, als USA no sech, an net no deenen aneren ze kucken.
Erausklammen aus Paräisser Klimaschutzaccord
Sou huet den Donald Trump zum Beispill decidéiert, datt d’USA wéi schonn a senger éischter Amtszäit, aus dem Paräisser Klimaaccord eraus ze klammen. Donieft huet den US-President d’Entscheedung geholl, datt d’USA net méi Member vun der Weltgesondheetsorganisatioun wéilte sinn.
All international Entwécklungshëllefe goufen op Äis geluecht, bis si op hiren Notzen hi gepréift goufen. Kuba steet zënter gëschter erëm op der US-Lëscht vun den Terror-Staaten.
Den Trump huet den Noutstand op der Grenz zu Mexiko ausgeruff an hien huet ordonéiert, datt d’US-Arméi der illegaler Immigratioun een Enn soll setzen.
Ugekënnegt Enn vun US-Nationalitéit duerch Gebuert
Doriwwer eraus huet den US-President ugekënnegt, d’Gebuertsrecht ofzeschafen. Iwwer dëst Recht kritt all Persoun, déi op US-Territoire op d’Welt kënnt, déi amerikanesch Nationalitéit.
Den Donald Trump huet och eng ganz Rei Prisongsstrofen opgehuewen. Dorënner déi vum Gros vun de Bedeelegten um Stuerm op de Kapitol zu Washington Ufank 2021. De Republikaner huet och annoncéiert, iwwer 1.000 Regierungsmataarbechter, déi den Demokrat Joe Biden agestallt hat, wëllen ze entloossen.