search

/ Eng nei visuell Identitéit fir de Radio 100,7

An eegener Saach

|
headphones

4 min

Eng nei visuell Identitéit fir de Radio 100,7

“Lauschter Lëtzebuerg”: Eng nei Ära fir de Radio 100,7. “Klassesch anescht”: De Klassiksender Opus elo och mat Live-Animatioun.

headphones

4 min

Eng nei visuell Identitéit

De Radio 100,7 presentéiert sech fir d’Rentrée 2025 mat enger neier visueller Identitéit. Et ass fir d’éischt zënter den Ufäng vum Radio am Joer 1993, datt den 100,7 säi Logo komplett ännert. Dëst ënnersträicht och d’Evolutioun an dësen dräi Joerzéngte vun engem soziokulturellen Nicheradio zu engem Service public Sender, dee fir déifgrënneg Informatioun, ausgewielte Popmusek, vill Kultur a gutt Ënnerhalung steet.

Am Kader vun dëser neier Positionéierung goufen och d’Websäit an d’App vum Radio 100,7 komplett un déi nei visuell Linn ugepasst. Parallel dozou leeft eng Campagne, fir déi nei Markepositionéierung an der Ëffentlechkeet ze verankeren.


Lauschter Lëtzebuerg

De Radio 100,7 kritt och en neie Claim: “Lauschter Lëtzebuerg“.

Den neie Slogan ënnersträicht d’Missioun an den Usproch vum Lëtzebuerger ëffentlech-rechtleche Radio. De Radio 100,7 gëtt de villfältege Stëmme vum Land eng Plaz fir sech auszedrécken an erzielt hir Geschichten – an hire Wierder. Lauschteren heescht entdecken, kucken, fillen, verstoen a sech verbannen. Lëtzebuerg nozelauschteren heescht Lëtzebuerg d’Wuert ginn an och déi onbequeem Froe stellen.

Mat der neier visueller Identitéit a mam Claim “Lauschter Lëtzebuerg“ setzt de Radio 100,7 en däitlecht Zeechen: Lauschteren ass méi wéi Toun – et ass eng Haltung, déi d’Diversitéit an d’Komplexitéit vun eiser Gesellschaft reflektéiert.

Neies am Programm erausgepickt

Kulturen

Déi deeglech Kulturemissioun “Kultur um 5” réckelt vu 17:00 op 13:00 Auer an heescht elo “Kulturen”. D’Kulturredaktioun vum Radio 100,7 gëtt Iech domat all Dag an der Woch Rendez-vous a beliicht déi kulturell Aktualitéit am Land an doriwwer eraus.

Fro vun der Woch

Interaktivitéit ass dem Radio 100,7 wichteg: All Woch stellt de Radio dofir sengen Nolauschterinnen an Nolauschterer eng Fro zu engem aktuelle gesellschaftlechen Theema. Dës Fro soll d’Diskussioun ureegen a verschidde Meenungen aus eiser Gesellschaft zu Wuert komme loossen. D’Nolauschterinnen an Nolauschterer ginn opgefuerdert Sproochnoriichten a Messagen ze schécken. Dës ginn dann Enn vun der Woch opgegraff an diskutéiert. 

Guer net wouer!

Och nei am Programm ass d’Emissioun “Guer net wouer!”, freides um 15:40 Auer. Hei geet et ëm Alldags-Mythen, un déi zwar ganz vill Leit gleewen, déi awer guer net stëmmen. Et si Behaaptungen, déi een zanter enger gefillter Éiwegkeet héiert, wouer si se dofir trotzdeem net. De Radio 100,7 geet deene Saachen op de Fong.

Opus 100,7

“Harmonesche Moien” - Nei Moiesemissioun

Och beim Radio 100,7 sengem Schwëstersender fir klassesch Musek, dem opus 100,7, gëtt et Neies fir d’Rentrée: vu méindes bis freides leeft eng vum Lex Kauffmann live-moderéiert Moiesemissioun, “Harmonesche Moien”, vun 9 Auer bis Mëtteg. Am Moment ass den opus nach e renge Webradio. Mam Lancement vun der digitaler Radiodiffusioun zu Lëtzebuerg virun Enn vum Joer 2025 wäert de Klassiksender och iwwer DAB+ ze empfänke sinn.

D’Rentrée 2025 ass fir de Média de Service public 100,7 e spannende Schrëtt an eng nei Ära, un där d’Ekipp mat vill Engagement an Häerzblutt iwwer déi lescht Méint geschafft huet, fir seng Nolauschterinnen an Nolauschterer mam héchste Qualitéitsusproch ze informéieren an ze ënnerhalen.