arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng national lokativ Conciliatiounskommissioun soll méi wéi just Loyere beschwätzen

Wunnen

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Eng national lokativ Conciliatiounskommissioun soll méi wéi just Loyere beschwätzen

Den entspriechende Gesetzesprojet soll nach virum Summer deponéiert ginn, gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert. D'Kommissioun soll sech net just mat Froen ronderëm d'Héicht vum Loyer befaassen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Max Bauerfeind/Bigstock
(Foto: Max Bauerfeind/Bigstock)

Aktuell hu Gemenge mat méi wéi 6.000 Awunner:innen eng eege Mietkommissioun. Méi kleng Gemengen hu regional Kommissioune geschaaft. 

Problematesch wier awer, datt déi seele funktionéieren, esou de Logementsministère, grad ewéi d'Gemengen an Associatioune vu Locatairen. 

Fachlech Kompetenze solle garantéiert sinn

Déi zukünfteg national Kommissioun soll am Géigesaz dozou professionell geleet ginn, erkläert den Tom Brosius vum Logementsministère. De President, de Sekretär an hir jeeweileg Suppleanten sollen Agente vum Ministère du Logement sinn, esou den Tom Brosius.

"Fir de President soll och nach virgesi ginn, datt deen diploméiert ass, e Master en Droit soll deen hunn, an och de CCDL sollte gemaach hunn, fir och déi fachlech Kompetenze vun der Kommissioun ze garantéieren." 

Fir den Assesseur, deen d’Interessie vum Bailleur vertreide soll, géif een Lëscht vun der Chambre de Commerce kréien.

"An op där anerer Säit fir de Locataire en Assesseur op Basis vun enger Lëscht vun der Chambre des Salariés." 

Et sollen och net nëmme Froen zum Loyer gekläert ginn. 

"D’Auswäitung vun de Kompetenzen ass de Kär vun dësem Projet an engems ass et de But, fir d'Conciliatioun esou einfach an esou accessibel wéi méiglech ze halen hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn och doru geduecht, fir den Accès ze vereinfachen, datt een iwwer de myguichet.lu kann erlaben, Requèten ze maachen."

Problemer, wéi de Remboursement vun der Garantie locative oder d'Chargen, sollen och vun der Kommissioun gekläert ginn. 

Ännerung am Gesetz fir Cafészëmmeren

Zil wier et, tëschent dem Proprietaire an dem Locataire Kompromësser ze fannen. Sollt keen accord fonnt ginn, da kéinten d'Parteien nach ëmmer d'Affär viru Geriicht bréngen. 

An der Chamberlogementskommissioun gouf och iwwer eng Ännerung am Mietgesetz ëm déi sougenannte Cafészëmmer diskutéiert. Och do soll an Zukunft am Gesetz gekläert ginn, ënnert wéi enge Konditiounen esou Zëmmer dierfe verlount ginn.

Geplangt ass iwwerdeems datt de Buergermeeschter vun enger Gemeng eng Wunnenge kann zoumaachen, wa festgestallt gëtt datt se insalubre ass. Deen Ament géif an där Wunneng een offiziellt Schëld drop hiweisen.

play_arrow Lauschteren