De leschte Sondagen no géifen DP, LSAP an déi gréng hir Majoritéit behalen. D’Sonndesfro muss een natierlech mat Virsiicht genéissen. Bei de leschte Wale louch déi Ëmfro zimmlech dernieft. Mee interessant ass awer, wéi d’CSV domadder elo am Walkampf ëmgeet.
Si seet, datt d'Dräierkoalitioun géif weider fueren, egal wat bei de Wale soss nach geschitt. Et mécht Sënn, datt d’CSV dee Message elo offensiv placéiert. Och well se aus hirem Wal-Echec vun 2018 geléiert huet.
Deemools war d’CSV sech zimmlech siegessécher. D’Sondagen hu se doranner och bekräftegt.
An d’Analys, déi an CSV-Kreesser haut dovunner gemaach gëtt ass, datt d’Leit 2018 zwar ee Wiessel wollten. Mee well d’CSV sou staark gewierkt huet, hu si hirem Wonschkoalitiounspartner Stëmme ginn. Stëmmen, déi dann duerno der CSV gefeelt hätten.
Ech mengen awer net, datt dat d’Erklärung fir dat schlecht Walresultat vun der CSV deemools war. Mee de Punkt ass: Wat d’CSV de Wielerinnen a Wieler elo versicht ganz däitlech ze vermëttelen ass, datt d’Leit just der CSV hir Stëmme solle ginn – an net hirer Wonschkoalitioun.
Wéi eng Koalitioune si realistesch?
Wann een der leschter Sonndesfro gleeft, da kéinten elo aner Optioune méiglech sinn, wéi déi lescht Jore geduecht. Mee fir et nach emol ze betounen: et soll een dee Sondage vu Wort an RTL op kee Fall fir boer Mënz huelen. Eng genau Sëtzverdeelung kann dee Sondage einfach kaum präzis genuch viraussoen. Ee Grond dofir ass, datt an eisem Walsystem ganz kleng Verschibunge bei de Stëmmen duer ginn, fir dann awer an engem Bezierk ee Sëtz ze verléieren oder ze gewannen.
Trotzdeem schielt sech aus de Sonndesfroen iwwert dat lescht Joer deen een oder aneren Trend eraus, deen och vun de Parteien eescht geholl gëtt.
Virop deen, datt d'CSV sech vun hirem Ëmfrodéif erhëlt. Um Héichpunkt vun der Frëndeskrees-Affär Enn 2021 an och nach laang duerno war d’CSV an den Ëmfroe laang just nach bei 15-16 Sëtz.
Wat net heescht, datt d'CSV hir aktuell 21 Sëtz an der Chamber soll halen. Domadder rechent och bei der CSV selwer keen. De Sondage seet nach ëmmer Sëtzverloschter viraus, mee ebe manner schlëmm wéi bis elo ugeholl.
An dat ass elo en neien Ament, well et méiglech schéngt, datt och Koalitiounen zu zwee eventuell nees méiglech sinn. Dem Sondage no géif et fir CSV-LSAP duergoen, an et feelt net vill da wier och CSV-DP vläicht eng Optioun.
Wann dat um Walowend effektiv esou antrëtt, da mécht dat ee groussen Ënnerscheed: well wann d’CSV misst zwee Partner fannen, fir der aktueller Dräierkoalitioun Konkurrenz ze maachen, wier dat sécherlech méi komplizéiert, ewéi wa se just ee Partner misst fannen.
Wieren LSAP an DP un enger Koalitioun mat der CSV interesséiert?
Anescht wéi d’CSV dat elo versicht duerzestellen, gëtt et bei der LSAP an der DP duerchaus Sympathisante fir déi Optioun. An dat och ënnert deenen, déi bei esou Froen ee Wuert mat ze schwätzen hunn. Op d'mannst krut ech deen Androck an enger Rei "Off the record"-Gespréicher, déi ech déi lescht Deeg gefouert hunn.
Wat d'Sozialisten ugeet, sou ginn et Leit, déi argumentéieren, datt d’LSAP sech eventuell méi duerchgesat kritt, wéi bei der DP an deene Gréngen.
Am Walkampf seet d’LSAP, datt d’Aarbechtszäitverkierzung ee wichtegt Uleies fir si ass. Den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel sot awer hei op der Antenn kloer, datt dat fir hien net a Fro kënnt. D’CSV huet awer Wäert drop geluecht, an hirem Walprogramm eng méi oppe Formulatioun ze fannen: "Betrieblich vereinbarten Arbeitszeitverkürzungen stehen wir offen gegenüber."
En Koalitioun mat der DP ass an de leschte Wochen a Méint u sech scho vill méi dacks zur Sprooch komm: CSV an DP leien a ville Punkten op d'mannst um Pabeier programmatesch op enger Linn: Sief et an der Gesondheets-, Sécherheets- oder an der Steierpolitik.
An nach eppes lount sech vläicht ze erwänen, an dat gëllt fir DP an LSAP: et si pro Partei méi Posten an enger Regierung ze verdeelen, wann ee just zu zwee koaléiert. Och dat ka jo Mol en Argument sinn.
No enger CSV-déi gréng Koalitioun gesäit et den Ament net aus. Zanter laangem soen d’Sondagen, datt déi gréng hir néng Sëtz an hiren historesch beschte Score vun 2018 dës Kéier net gehale kréien. Dat ass also een aneren Trend, deen een an de Sondagë ka gesinn. A souwisou misst d’CSV fir esou eng Koalitioun vill méi staark ginn, wéi elo ze erwaarden ass.
Wéi ee Koalitiounspartner wéilt d’CSV am léifsten?
No baussen huet d’CSV zimmlech kloer de Choix gemaach, fir hir Proximitéit zur DP ze ënnersträichen. Dat gëtt deels ganz offensiv bedriwwen: Zum Beispill huet den CSJ-President Alex Donnersbach am August hei um 100,7 betount, datt et déi programmatesch Gemeinsamkeeten tëscht senger Partei an der DP ginn.
Dat mécht walkampftaktesch och Sënn: bei der DP fënnt d’CSV méiglech Wiesselwieler, déi sech ee méi kloer wirtschaftsfrëndleche Kurs erwaarden. An déi, wa se CSV-DP wëllen, dann dës Kéier opgefuerdert ginn, hir Stëmme léiwer just der CSV ze ginn.
D'Fro, op d'DP der CSV hir kloer Präferenz ass, ass awer eng aner. Et kéint sinn, datt dat fir d’CSV net déi prioritär Fro ass, wéi ee Programm ee mat wéi engem Partner am Beschte kéint ëmsetzen: Hire Spëtzekandidat Luc Frieden hei um Radio am Interview, hien hätt just eng rout Linn „blo-rout-gréng“ misst verschwannen.
De Motto fir d’CSV ass kloer: Haaptsaach an d’Regierung. An der CSV sote mir e puer Leit, datt hir Partei no nach emol 5 Joer Oppositioun géif riskéiere komplett ze implodéieren. An de Luc Frieden ass do als Spëtzekandidat zimmlech transparent doranner ze soen, datt d’CSV net onbedéngt drop besteet, fir de Premier ze stellen.
U sech ass dat déi grouss Offer, déi d’CSV – nieft hirer programmatescher Flexibilitéit – anere Parteie ka maachen. D’Zäite wou d’CSV just Juniorpartner nieft sech an der Regierung hat, wieren domadder dann offiziell eriwwer.
D'Fro, wien de Premier dierf stellen
De leschte Sonndesfro-Sondage huet an der Fro, wien de Premier eventuell kéint stellen, fir een neien Ament gesuergt. Deemno géif nämlech d‘LSAP méi Sëtz kréien, wéi d‘DP. Wann dat sou wier hätt d’LSAP-Spëtzekandidatin Paulette Lenert Usproch op de Premierposten.
Dat géif et fir d’DP ëmsou méi interessant maachen, sech vun der CSV de Premierposten offréieren ze loossen.
Ech mengen awer, datt dat wat d’CSV seet, nämlech, datt d’Dräierkoalitioun ee Selbstläufer ass, net zoutrëfft. Och wann ech mir virstelle kann, datt d’CSV deen Androck kritt: well effektiv fleegt déi aktuell Regierungsequipe kee ganz waarmt Verhältnis zum CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden oder och zu anere Spëtzeleit bei der CSV.
A wéi den DP-Premier a Spëtzekandidat Xavier Bettel gäre betount, ass d’Vertrauensverhältnes an der Dräierkoalitioun zimmlech staark.
Mee DP, LSAP an déi gréng hunn trotzdeem ee Problem: nämlech datt net sou richteg kloer ass, wéi een nächste gemeinsame Koalitiounsprojet kéint ausgesinn. Inhaltlech fält op, datt sech aus den dräi Walprogrammer keen evidente politesche Projet ergëtt. Koalitiounsverhandlunge kéinten also dës Kéier nach méi schwiereg ginn, wéi se dat 2018 scho waren.
A wie weess, vläicht kënnt alles ganz anescht. Summer-Sondagë sinn dat eent. Elo huet de Walkampf richteg ugefaangen. Kandidaten a Kandidatinne si stänneg an de Medie present. An d’Wielerinnen a Wieler entscheede sech réischt relativ spéit...also: à voir!