Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Kritik vun der Faby Schintgen hirem éischte Roman „Blaustufen"

Literatur

Eng Kritik vun der Faby Schintgen hirem éischte Roman „Blaustufen"

„Blaustufen“ heescht den Debutroman vun der Faby Schintgen, deen Op der Lay erauskomm ass. Erzielt gëtt hei d‘Geschicht vun enger Fra, déi vun hirem Liewen als Mamm an Hausfra iwwerfuerdert ass. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D’Melanie, kuerz Mel, ass mam Paolo bestuet. Si hunn dräi Kanner, een Haus, Frënn an u sech ee gutt Liewen. Wéinst de Kanner huet d’Mel hir Aarbecht als Designerin an der Boîte vun hirer Schwëster opginn. Een Zoustand, deen natierlech net ganz zefriddestellend ass fir dës jonk Fra a si sicht fir d’éischt Trouscht am Schampes an am Wäin, iert et sech an d‘Äerm vun Noah, engem flotten, labberen a jonken Typ, stierzt.

Eng Fra, déi hiert d'Gléck net fënnt

Doheem ass si iwwerfuerdert mam Haushalt, mat de Kanner a geheit hirem Mann vir, datt hie sech net ëm d’Kanner këmmert, net ëm de Stot, a scho guer net ëm si. Do hëlleft d’Botzfra, déi hire Mann hir organiséiert huet, och net aus hirem Misär eraus.

Wou si, duerch Zoufall, erausfënnt, datt hire Mann och eng Affär huet, déi awer keng reng Bettgeschicht ass, mee wou och Gefiller mat am Spill sinn, huet si e weidert Argument fir nach méi Alkohol an den Alldag afléissen ze loossen.

Iergendwann decidéiert d’Mel, sech richteg ze emanzipéieren. Si fänkt erëm u mat Schaffen, hallefdaags natierlech. Gutt, datt si eng Schwëster huet, déi hir dat erméiglecht. Trotzdem fënnt d’Mel awer net hiert Gléck...

E Buch voller Klischeeën

“Provokativ an humorvoll” ass op der Récksäit vun “Blaustufen” ze liesen. Ech hu laang gesicht, den Humor hunn ech net fonnt. E verstoppt sech vläicht am Titel vum Buch, deen déi verschidde Stufe vum Blo-Si vum Melanie undeite wëll. A provokativ ass en dodran, datt en eng Zoumuddung un d’Lieser ass?

D’Autorin verpasst absolut keng Geleeënheet, déi ganz Palette vu Klischeeën ze beméien, déi néideg si fir esou een triviaalt Resultat ze accouchéieren. Dat ganzt ass och nach an der Du-Form geschriwwen, wuel fir datt all Fra sech soll mam Mel identifizéieren, a wouduerch sech de Roman exklusiv u Fraen, oder besser gesot Mammen, adresséiert. Wiere mir nach an der Mëtt vum leschte Joerhonnert, dann hätt esou e Buch nach eventuell iergendeen Effekt, mee haut?

Datt een als Hausfra a Mamm vun dräi Kanner net onbedéngt glécklech muss sinn, ass jo nozevollzéien, mee hautdesdaags gëtt jo kee forcéiert an der Lëtzebuerger gehuewener Mëttelschicht, dräi Kanner op d’Welt ze bréngen. Et gëtt kee forcéiert, Hausfra ze spillen, wann een, wéi d'Mel, aner Méiglechkeeten huet.

Iwwerflächlechkeet gewierzt mat Stammdëschpsychologie a Kitsch

D’Protagonistin ass mat hirem Gesouers esou onsympathesch, mat Jalousie a Béisaartegkeet gëtt all aner Fra erofgemaach, si selwer mengt awer, si wier déi schéinst an déi bescht an nieft den Affären an dem Alkohol, sinn de Choix vun de Kleeder, vu Bijouen, perfekt Propretéit vum Haus, hir gréisst Suergen. Wierklech? Wierklech!

No den éischte Säiten hofft een nach, datt d’Autorin iergendeng Kanéngchen aus dem Hutt zaubert, datt eng Wendung kënnt, déi dat ganzt op d’Schëpp hëlt. Ma nee, bis zum batteren Happyend leeft alles esou of, wéi ee sech dat engem schlechte Roman virstelle kann.

Eng Iwwerflächlechkeet gewierzt mat Stammdëschpsychologie a Kitsch, dofir ouni Iwwerraschung, Charme oder op d'mannst heiansdo originellen Aussoen. Méi huet dëse Roman leider net ze bidden. Schued, well u sech freet ee sech fir nei Stëmmen zu Lëtzebuerg ze entdecken...

Lauschterenplay_arrow

Kultur
Literatur