Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
search

/ Energieminister: Et féiert kee Wee laanscht eng méi performant Héichspannungsleitung

Lëtzebuerg bräicht méi Stroum

Energieminister: Et féiert kee Wee laanscht eng méi performant Héichspannungsleitung

An de leschte Méint haten sech Biergerinitiativ géint verschidden Tracéen vun der neier Héichspannungsleitung ausgeschwat. Am 100,7 Interview weist de liberale Minister Verständnis fir d’Kritiken.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

17 Gemengen si vum Projet betraff a bal 1.000 Persounen hate sech am Kader vun der ëffentlecher Consultatioun beim Ëmweltministère mat ënnerschiddlechen Awänn zu Wuert gemellt. Leit, déi an der Ëmgéigend vun der geplangter Leitung wunnen, fäerten duerch de Bau vun der Leitung enger geféierlecher Stralung ausgesat ze sinn.

Den Energieminister weist Verständnes dofir an erkläert, datt ee sech an de leschte Méint och mat de Bedenken a Kriticken ausernee gesat hätt.

"Haut ass jo och eng Leitung schonn do dat heescht et muss een alles a Consideratioun huelen, fir ze kucken, wat di beschtméiglech Variant ass, di mer kënnen op Lëtzebuerg kréien."

De Minister Delles verséchert awer, datt ee sech géif un déi virgeschriwwe Grenzwäerter halen.

Den Energieminister wier net fir d'Decisioun vum Tracé responsabel

Bis ewell ass awer nach net gewosst, op wéi engem Tracé déi nei Héichspannungsleitung genee wäert verlafen. Déi Decisioun soll ufanks Oktober falen. Do wier et als Energieminister awer och net seng Roll sech fir déi eng oder aner Variant auszeschwätzen, sou de Lex Delles Weider.

Hie misst als Lëtzebuerger Energieminister just eng international Leitung autoriséieren.

"Et esou, wéi d'Gesetz es virgesäit. Den Energieminister autoriséiert just eeben déi Leitung, déi dräihonnertachtzeg KV, egal wéi eng Variant."

Nei Leitung wichteg, fir datt Lëtzebuerg och an Zukunft nach genuch Energie huet

De Plang fir den 380KV Projet geet aus dem Netzentwécklungsplang vun 2015 ervir. Deemno wier eng Erhéijung vun der Netzcapacitéit zu Lëtzebuerg noutwenneg, fir den zukünftegen Energiebedarf zu Lëtzebuerg ofzedecken. Iwwert dëse Fait géif et och en allgemenge Konsens ginn, sou den Energieminister Lex Delles.

"Mir schwätzen do ëmmer vum Nova-Prinzip, dat heescht vum Prinzip, datt wann een en Netz huet, dat als éischt muss optiméiert ginn, da muss et verstäerkt ginn, bevir een ausbaut."

Dat wier och gemaach ginn an elo wier et eben noutwenneg, eng Leitung op Lëtzebuerg ze kréien, fir datt een och an Zukunft nach genuch Energie huet.

D’Creos geet dovunner aus, datt fréistens Enn 2026 mat den Aarbechte fir den 380KV Projet kann ugefaange ginn.

Lauschterenplay_arrow