Ob dësen Disk eng grouss Inspiratioun fir den Jackie Moontan war, ass nët gewosst mee beim Lauschtere kommen engem éischter aner musikalesch Referenzen an de Kapp: den Indiepop vum John Moods, de Psych-Funk vum Connan Mockasin, den Neo-Soul vum D’Angelo oder och de Crooning vum Hank Williams. Dat alles verbënnt de Jackie Moontan hei awer zu engem ganz eegene Klangkosmos.
Stéchwuert Kosmos: den Alain Schumann ass Lëtzebuerger, mee säin Alter Ego Jackie Moontan kënnt vu bëssi méi wäit hier. Et gëtt gemunkelt datt hien an de 70er Jore mat sengem Raumschëff am Mississippi Delta gelant ass. Den Debutalbum ass dann elo d’Geschicht vum Jackie senger Zäit op eisem Planéit, vun der ursprénglecher Extas bis bei d’schlussendlech Langweil an d’Heemrees, wann den Jackie Moontan mat gebrachenem Häerz op e Planéit bléckt, dee vu sengen eegenen Awunner zerstéiert gëtt. Also e Lament iwwert d’selbstdestruktiv mënschlech Natur, mee ugeräichert mat enger gudder Portioun Funk a Soul, zum Beispill am Song “All My Friends Are Totalitarians”, an deem d’Gittaren uerdentlech un d’Huerelen bruecht ginn.
Dat kléngt e bëssi no Dystopie a Weltënnergang, d’Apokalypse schwéngt och am Groove mat, mee et ass kengesfalls een düsteren oder depriméierenden Album. Et geet hei och ëm d’Léift an d’Loscht an absurd Renconteren. Ganz zum Schluss ass et dann och d’Pianoballade “Life Goes On” déi bei allem Pessimismus iwwer dat mënschlecht Handelen dach e bëssi Hoffnung spent.