Radioen

On air

Notturno  |  Leon Ware - What's Your Name

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmweltminister Serge Wilmes zu Nairobi op UNO-Ëmweltassamblée

Ëmweltministère

Ëmweltminister Serge Wilmes zu Nairobi op UNO-Ëmweltassamblée

De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes reest vun haut bis e Freideg op d‘Ëmweltassemblée vun der UNO an der kenianescher Haaptstad Nairobi.

auto_stories

1 min

Déi 193 Member-Länner sollen do iwwert politesch Äntwerten diskutéieren op déi dräifach planetaresch Kris vum Klimawandel, dem Biodiversitéitsverloscht an der Pollutioun, sou de Communiqué vum Ëmweltministère.

Déi Lëtzebuerger Delegatioun soll zu Nairobi ënner anerem och d‘Initiativ „Resilient Landscapes Luxembourg“ ënnerschreiwen.