arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer nees heikel: D'Budgetsdiskussiounen a Frankräich fänken nees un

Frankräich

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Ëmmer nees heikel: D'Budgetsdiskussiounen a Frankräich fänken nees un

Mat der politescher Rentrée kënnt a Frankräich och nees d’Budgetsdiskussioun un d’Rullen. D’Regierung envisagéiert eventuell bei de Pensiounen anzespueren. Eng ëmstridde Moossnam, déi d’Oppositioun op de Plang rifft.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Frankräich a säi Budget. Et ass zënter Joren eng heikel Affär, déi schonn esou munch Regierung de Kapp kascht an d’Land zum Stëllstand bruecht huet. Elo muss de Premier Sébastien Lecornu nees dës schwéier Aufgab ugoen.

De Moie koum d’Regierung fir d’Rentrée am Elysée zesummen, e Méindeg soll et eng Reunioun zu de Budgetspläng ginn. Eng Iddi, déi scho vum Wirtschaftsminister Roland Lescure an d’Spill bruecht gouf: d’Pensioune vu verméigende Persounen net esou staark un den Index ze koppelen an esou Suen ze spueren, fir déi aner Pensiounen ze garantéieren.

Diskussioune wéinst Walen nach méi schwéier

De Moie war d’Regierungsspriecherin Maud Bregeon Invitée op LCI a sot, jidderee misst mathëllefen, d’Land nees aus dem Defizit ze bréngen. Dat géif och d’Pensionären aschléissen. D’Regierungsspriecherin sot och, datt een net virhätt, d’Steieren ze erhéijen. D’Presidentielle d’nächst Joer an de Walkampf maachen d’Budgetsdiskussiounen net manner komplizéiert. 

D’Maud Bregeon sot, et hätt awer keen de Luxus, e Kompromëss hei ze verweigeren. Dat gesäit d’Oppositioun anescht: Den LFI-Chef a Spëtzekandidat Jean-Luc Mélenchon hat gëschter schonn ugekënnegt, e Mësstrauensvote anzebréngen. Och d’Ekologistin Sandrine Rousseau ënnerstëtzt dës Fuerderung.

play_arrow Lauschteren