Ëmfro: Schwaarz-rout Regierungskoalitioun an Däitschland verléiert u Popularitéit
Am neisten Deutschlandtrend vun der ARD verléiert déi schwaarz-rout Regierungskoalitioun weider u Popularitéit a Vertrauen. Bei der Sonndesfro, also wann e Sonndeg Wale wieren, géif d'Unioun vun CDU/CSU op nach 26 Prozent Zoustëmmung kommen. Dat sinn zwee Prozentpunkte manner wéi ufanks Mäerz.
Friedrich Merz (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)
Och de Koalitiounspartner SPD huet sech mat 12 Prozent Zoustëmmung ëm zwee Prozentpunkte par Rapport zur leschter Ëmfro verschlechtert.
Déi riets-extreem AfD huet sech par contre ëm zwee Prozentpunkte weider verbessert. D'AfD kënnt domat op 25 Prozent a läit domat däitlech virun der SPD a just nach knapps hanner der CDU/CSU.