Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elisabeth Margue verdeedegt de Selektiounsprozess fir Direktiounsposte vun der ALIA

ALIA

Elisabeth Margue verdeedegt de Selektiounsprozess fir Direktiounsposte vun der ALIA

D'delegéiert Medeministesch huet an der Chamber op d'Demissioun vum ALIA-President Thierry Hoscheit reagéiert. De President vun der onofhängeger Medienautoritéit ass d'lescht Woch zeréckgetrueden no Divergenze mam Medieministère iwwer d'Selektioun vum Direkter vun der ALIA. 

auto_stories

1 min

D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

D'Elisabeth Margue huet de Selektiounsprozess e Mëttwoch virun den Deputéiert verdeedegt. Et wier richteg, datt de Ministère e Selektiounscomité agesat hätt, an datt den ALIA-Verwaltungsrot deen/déi Kandidat:in fir den Direktiounsposten net selwer erausgesicht hätt. 

Dat géif awer net dozou féieren, datt déi Persoun manner onofhängeg par Rapport zum Ministère wier, huet d'CSV-Politikerin argumentéiert. Si wëllt an enger Chamberkommissioun méi am Detail op de Fall agoen.