Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The Cliffs Of Lone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Elektromobilitéit: Hëllefe vum Staat "dréngend néideg"

Den Hallwer Néng

Elektromobilitéit: Hëllefe vum Staat "dréngend néideg"

Zënter dem 1. Oktober gëlle fir d’Elektromobilitéit aner Krittäre fir d‘Primme vum Staat kënnen ze kréien. Et muss een den Auto méi laang halen ewéi bis elo an d’Primmen hänke vun der Leeschtung vum Motor of, a leien elo jee no Puissance bei 3.000 oder 6.000 Euro. Eppes, op dat sech och déi sëllegen Autohaiser uechtert d'Land mussen astellen.

auto_stories

4 min

headphones

16 min

play_arrow
De Philippe Mersch ass President vun der FEDAMO. (Foto: Morgane Weidig)

Ee vun de gréissten Autoshändler zu Lëtzebuerg ass Autopolis, dee 16 Marke vertrëtt. All zweeten Auto, deen do ausgestallt ass, ass een Elektrogefier oder et ass een hybrid Modell. 

Ëmmer nees déi selwecht Froen

D’Verkeefer:innen am Showroom si gebrieft fir dem Client déi Froen ze beäntwerten, déi ëmmer gestallt gi wann et ëm d’Elektromobilitéit geet. De Choix tëscht Verbrenner an Elektrowon, deen huet de Client awer scho viru senger Visitt getraff. Am Showroom sinn et dofir ganz dacks déi selwecht Froen, déi gestallt ginn, preziséiert de Patrick Macedo, dee fir d’Vente vun Occasiounsautoe responsabel ass.

"Et sinn ëmmer ganz vill Froe wéinst de Subventiounen, wéi vill Autonomie se kënne fueren, ob se eng Borne kënnen doheem hunn a sou weider. Mee si si meeschtens ganz gutt au courant vum Sujet, mee et sinn ëmmer déi dräi Froen derbäi."

Markant ass och, wat d’Clienten am allgemengen alles um Internet iwwert Elektrogefierer liesen, erkläert den Emmanuel Marques, Directeur Manager vun Autopolis Esch.

"Et ass déi Angscht wann eng Iwwerschwemmung ass. Et ass déi Angscht wann den Auto net ëmmer un der Prise ass. Hautdesdaags hunn déi Batterien awer 8 Joer Garantie. Se kënnen och recycléiert ginn. Iwwerall hu mir Batterien, iwwerall stockéiere mir Stroum."

D’Elektroautoe maache 27 Prozent vun de Venten an deem Autohaus aus. A 50 Prozent vun de Fäll bestellt de Client och eng Luedstatioun mat derbäi.

70 Prozent Leasing

Verschidde Clientë géifen nach zécke fir een Elektroauto ze kafen, wëll et momentan nach net kloer ass, wéi ee Wäertverloscht et um Occasiounsmaart gëtt. Wéi eng technologesch Evolutioun et an Zukunft gëtt, virun allem wat d’Autonomie an d’Effizienz vun de Batterien ugeet, veronséchert d’Leit.

Mëttlerweil géifen d’Keefer:innen dowéinst op de Leasing zeréckgräifen, erkläert den Emmanuel Marques.

"Mir hunn awer de Leit déi lescht Méint a Jore geroden, fir e Leasing ze huelen, well et weess een ni wat et an dräi Joer fir Méiglechkeete ginn, obwuel elo ka gesot ginn, datt mir schonn op enger Limitt si vun der Effizienz vun den elektreschen Auto. Mee ech kann Iech soen, datt iwwer 70 Prozent vun de Leit e Leasing haut huelen."

Nei sinn d’Primme fir déi elektresch Occasiounsautoen. Et kann een zënter dem 1. Oktober 1.500 Euro u Subventioun kréien, fir Autoen, déi méi ewéi 3 Joer al sinn, preziséiert de Patrick Macedo. Dat wier interessant fir déi lokal Clienten. Bis elo goufen déi Elektro-Occasiounsautoen nämlech majoritär exportéiert.

Lauschterenplay_arrow

FEDAMO: Och 6.000 Euro ass nach ëmmer eng gutt Primm

Elektroautoe maachen aktuell 10 Prozent vum ganze Fuerpark hei am Land aus. Dee Chiffer huet de President vun der FEDAMO, Philippe Mersch, am 100,7-Moiesstudio genannt. Ouni staatlech Primmen wier dës Zuel awer wuel nach méi kleng.

D’Primm fir de Kaf vun engem E-Auto gouf op den 1. Oktober däitlech erofgesat. Fréier krut een 8.000 Euro erëm, elo sinn et jee no Spuersamkeet vum Auto op d'mannst 2.000 Euro manner. Ass dat de richtegen Incentive?

"Et sinn 2.000 Euro manner, mee mir sinn awer ganz frou, datt mir 6.000 Euro hunn, fir d’Elektromobilitéit ze promovéieren. Well et gesäit een et haut ebe par rapport zum Ausland, datt déi Hëllefe vum Staat dringend noutwenneg sinn, fir an der Kurv weider ze goen."

Dobäi misst een och wëssen, datt d'Regierung duerch de PNEC d'Zil huet, fir bis 2030 op een Elektro-Undeel vun 49 Prozent vum Fuerpark ze kommen. Dat wier awer "natierlech net realisabel", esou de Philippe Mersch, an awer sollt ee kucken, datt een an déi Richtung kéim, an do wier een och um gudde Wee, esou nach de President vun der FEDAMO.

De Philippe Mersch war Invité am Hallwer Néng.

Lauschterenplay_arrow