search

/ Éisträichesch Ausseministesch telefonéiert mat iraneschem Homolog: "Dialog wichteg"

Éisträich

|
reading time

1 min

Éisträichesch Ausseministesch telefonéiert mat iraneschem Homolog: "Dialog wichteg"

Déi éisträichesch Ausseministesch Beate Meinl-Reisinger, huet mat hirem iraneschen Homolog telefonéiert. Op X erkläert si, et wier an Zäite wéi dëse wichteg, den Dialog oprecht ze erhalen. Éisträich ass als Land neutral an net Deel vun der NATO. 

reading time

1 min

Éisträich | © picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch
Éisträich (Foto: picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch)

Eegenen Aussoen no, hätt d'Ausseministesch Beate Meinl-Reisinger eng Deseskalatioun an der Regioun gefuerdert. Den Iran sollt seng Attacken op d‘Nopeschlänner astellen, an och misst d‘Strooss vun Hormus nees fir de Schëffsverkéier opgoen. Déi weltwäit Energiesécherheet misst garantéiert ginn.

Éisträich gesäit sech op Grond vu senger 1955 gesetzlech festgehalener Neutralitéit, an internationale Konflikter traditionell als Vermëttlerstaat.

Éisträich huet d'selwecht wéi Spuenie säi Loftraum fir US-Kampffliger am Kontext vum Krich am Iran gespaart.