arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Ouni-Orbán-Sommet soll Unitéit an der EU markéieren

EU-SOMMET

|
reading time

3 min

Éischten Ouni-Orbán-Sommet soll Unitéit an der EU markéieren

Nom politesche Wiessel an Ungarn huet d'Land seng Veetoen an enger Partie EU-Dossieren opgehuewen. Eens ass ee sech dowéinst nach laang net iwwerall. Een Accord iwwer den nächsten EU-Budget ass nach net en Vue - och net op dësem EU-Sommet.

reading time

3 min

Viktor Orbán | ©  EPA/OLIVIER MATTHYS
Viktor Orbán (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Op där leschter Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffe virun der Summerpaus wäert virop ee wichtege Meilestee gefeiert ginn.

E Méindeg goufen zu Lëtzebuerg um Bord vun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren déi éischt Kapitele vun de Bäitrëtts-Verhandlunge fir d’Republik Moldau an d’Ukrain lancéiert.

Ungarn mécht et méiglech: Ukrain-Fortschrëtt nom Ophiewe vum Veeto

"D’Leadere wäerten dee wichtege Moment zesumme mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj markéieren", sot am Virfeld zu Bréissel een héijen EU-Diplomat.

Den ungaresche Veeto ass bis op Weideres Geschicht - dowéinst konnt och de Prêt vun 90 Milliarden Euro un d’Ukrain deblockéiert ginn.

Wat allerdéngs weider Sanktioune géint Russland ugeet, ass nach ëmmer den Hick dran - do ass et, wéi iwwregens och an aneren Dossieren, net eleng Ungarn, dat sech queesch stellt.

EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord

Ganz wäit ewech vun engem Accord ass een zum Beispill an den Diskussioune ronderëm deen nächste pluriannuelle Budget vun der Europäescher Unioun. Dee soll am Januar 2028 a Kraaft trieden a fir déi 7 Joren duerno gëllen.

Fir datt dat klappt, misst ee sech spéitstens bis um Enn vun dësem Joer eens sinn - do awer läit nach ee gutt Stéck Aarbecht virun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir déi sécher nach méi wéi ee Sommet gebraucht gëtt.

D’Propos vun der EU-Kommissioun vun engem méi héije Budget hat am Summer zejoert fir vill Kritik gesuergt

Déi zypriotesch EU-Presidence hat déi lescht Woch eng Verhandlungsbasis mat konkreeten Zuelen op den Dësch geluecht, déi zwee Prozent ënner där vun der Kommissioun läit.  

Zypriotesch Propos: Déi "Knéckeg" net zefridden

Mee och dee Virschlag gouf virun allem vun de sougenannte "knéckege" Länner zerrappt. D’Propos geet Däitschland, Schweden, Holland, Finnland, Dänemark, Éisträich an och der Belsch net wäit genuch - si wëlle weider de roude Bic usetzen.

Déi aner Fraktioun awer huet begréisst, datt weder bei de Kohäsiounsfongen nach am Agrarbudget gekierzt gouf. Zu där Fraktioun gehéieren eng Partie ost- a südeuropäesch Länner.

Lëtzebuerg läit mat senger Positioun iergendwou dertëschent.

Nei eegen EU-Recetten si weider ëmstridden

Gestridde gëtt och iwwer eege Ressourcë vun der EU - d’Kommissioun hat nei Steiere proposéiert. Do ass Lëtzebuerg ganz kritesch, wat Ännerunge bei der Tubakssteier ugeet - a steet domat net eleng do. Fakt ass, datt keng vun deene Propose schéngt bei de Memberlänner duerchzegoen.

Dat awer heescht, datt een um Enn net weess, wéi genuch Suen zesummekommen.

Et wier wichteg op dësem Sommet an där Fro virunzekommen, schreift de Conseilspresident Antonio Costa a senger Invitatioun un d’Staats- a Regierungscheffen. D’EU-Ambitioune misste mat de néidege Moyenen zesummepassen.

Sanktioune géint Israel - Beweegung awer keng Unanimitéit

Um EU-Sommet soll och de Point iwwer d’Situatioun am Noen Oste gemaach ginn. Och hei ass ee sech awer nach ëmmer an engem Punkt net eens: Nämlech der Fro, rietsextreem israeelesch Ministere wéinst hirem Behuelen oder Aussoen ze sanktionéieren oder awer den Handel mat Produiten aus den illegale Siidlungen ze verbidden.

Wat deen Handel ugeet, sinn eng Partie Länner, dorënner Lëtzebuerg, dofir, datt d’EU-Kommissioun eng Propos op den Dësch leet.

Dat awer ass bis op Weideres net geplangt, huet et dës Woch geheescht - mam Hiweis d’Kommissioun hätt schonn am September proposéiert den Handelsaccord mat Israel deels op Äis ze leeën. Doriwwer goufe sech d’Länner awer net eens. Et géif kee Grond elo eng nei Propos ze maachen, esou dës Woch ee Porte-Parole vun der Kommissioun.