search

/ Historesch Visitt vum Poopst Leo an Algerien - Éischte Poopst am moslemesche Land

Vatikan

|
reading time

1 min

Historesch Visitt vum Poopst Leo an Algerien - Éischte Poopst am moslemesche Land

De Poopst Leo ass haut um Méindegmoien an Algerien ukomm. Eng historesch Visitt, well et ass fir d‘éischte Kéier, datt e Poopst dat nordafrikanescht Land, an deem haaptsächlech Mosleme liewen, besicht. Déi zwee Deeg laang Visitt huet dowéinst och eng grouss symbolesch Bedeitung.

reading time

1 min

De Poopst Leo op Visitt an Algerien | © EPA/LUCA ZENNARO
De Poopst Leo op Visitt an Algerien (Foto: EPA/LUCA ZENNARO)

Den amerikanesche Poopst Leo ass um Méindegmoien zu Alger gelant. Hei an der algerescher Haaptstad gëtt de Chef vun der Kathoulescher Kierch vum algeresche President empfaang a soll déi Grouss Moschee besichen.

Algerien ass déi éischt Etapp vum Poopst Leo senger Afrika-Rees. Weider Etappe si Kamerun, Angola an Äquatorialguinea. 

"Keng Angscht virum Trump"

Den amerikanesche Poopst Leo huet iwwerdeems d‘Kritik vum Donald Trump zeréckgewisen. Hie wier kee Politiker an hätt och keng Angscht virum Trump, an hie géif ganz sécher keng Debatt mat him ufänken, esou de Leo XIV.

Den US-amerikanesche President hat dem Poopst virgehäit, eng "schrecklech" Außepolitik ze bedreiwen, well hie gefuerdert hat, mat de Kricher opzehalen.

Op der Plattform Truth Social hat den Donald Trump geschriwwen, datt de Leo nëmme Poopst gi wier, well hien, wéi den Trump, US-Amerikaner ass.