Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Éischt Verhandlungsronn ass eriwwer

Koalitiounsverhandlungen

Éischt Verhandlungsronn ass eriwwer

Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen tëschent CSV an DP: de Formateur Luc Frieden, säin Assistent Luc Feller, an déi béid Verhandlungsdelegatioune mat all Kéier eelef Membere souzen haut eng éischte Kéier am Schlass zu Senneng beieneen, fir een neie Koalitiounsaccord fir déi nächst fënnef Joer auszeschaffen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

De Claude Wiseler, Luc Frieden, a Xavier Bettel. | © Serge Kesseler play_arrow
De Claude Wiseler, Luc Frieden, a Xavier Bettel. (Foto: Serge Kesseler)

Nieft de Cheffe vun enger Rei staatleche Verwaltungen, wëllen de Formateur an d’Delegatiounen an den nächsten Deeg och zum Beispill Vertrieder vu Caritas a Roudem Kräiz empfänken, vum Nohaltegkeetsrot a vum Mouvement Ecologique, grad wéi vum Patronat an de Gewerkschaften.

Bei wéi engen Theeme wäert et am schwieregste ginn, op ee gemeinsamen Nenner tëschent CSV an DP ze kommen? Dozou huet de Formateur Luc Frieden zu Senneng gesot:

"Ech hu festgestallt, datt an all deene groussen Zukunftssujeten, déi zwou Parteien déi nämmlecht Ziler verfollegen. An dofir mengen ech, datt een an deenen Detailer natierlech muss diskutéieren. Mee ech gesinn an dësem Stadium kee Sujet, wou dat oniwwerbréckbar Diskussioune kënnte ginn. Mee wéi gesot, mir hunn de Moien dat réischt ugefaangen. Mee ech si ganz zouversiichtlech, well d’Zil eigentlech dat nämmlecht ass. An an deene grousse Froe sinn am Fong déi zwou Parteien, mengen ech an där nämmlechter Zilsetzung um Wee."

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

De Wëllen, ee gemeinsame Projet ze maachen, ass do

D’Koalitiounsverhandlunge solle “seriö an zügeg” gefouert ginn, esou de Wonsch vum Luc Frieden, no den éischte Gespréicher haut tëschent CSV an DP.

"Et war de klore Wëllen, deen ech als Formateur fest gestallt hunn, datt déi zwou Parteie wëlle mateneen, am Interêt vun der Zukunft vum Lëtzebuerger Land, ee gemeinsame Projet maachen."

Virun der Allerhellegevakanz sollen zéng thematesch Aarbechtsgruppen hir Rapporte fäerdeg hunn.
Een Datum wéini d’Koalitiounsverhandlunge sollen ofgeschloss sinn, wollt de Luc Frieden haut net nennen.

"Mee Dir wäert net bis Mokuchsdag musse waarde bis et eng nei Regierung gëtt. Dat ass net am Sënn vum Formateur. Et ass och net am Sënn vum Grand-Duc."

Claude Wiseler freet sech, Xavier Bettel zouversiichtlech

De Chef vun der CSV-Verhandlungsdelegatioun Claude Wiseler huet betount, datt et de Wëlle vu béide Parteie géif ginn, fir Léisungen ze fannen.

"Ech freeë mech op déi Deeg, déi kommen, dat gëtt eng flott an eng konstruktiv Aarbecht."

Hie wier zouversiichtlech, datt bei dëse Verhandlungen Neel mat Käpp gemaach ginn, esou och den DP-Delegatiounschef Xavier Bettel.

"Ech sinn zouversiichtlech, datt een Accord wäert fonnt ginn. Op jiddwer Fall wann et esou weider geet, wéi den éischten Dag, da geet dat tipptopp."

A wichteg Theme bei dëse Koalitiounsverhandlunge sollen de Kampf géint d’Aarmut sinn, d’Aarbecht, de Logement, Klima an Ëmwelt, d’Gesondheet, d’Sécherheet, grad wéi Steieren a Finanzen, esou haut de Formateur Luc Frieden.


D’Suite vun de Gespréicher am Schlass zu Senneng ass muer de Moien: da geet et ëm d’Staatsfinanzen. Weider Sitzunge sinn ee Freideg an ee Méindeg.