search

/ Éischt US-Regierungsëmbildung: Ministesch fir Heemechtsschutz Kristi Noem entlooss

USA

|
reading time

1 min

Éischt US-Regierungsëmbildung: Ministesch fir Heemechtsschutz Kristi Noem entlooss

Bis Enn Mäerz soll de Senateur vun Oklahoma, de Markwayne Mullin, de Poste vum Minister fir Heemechtsschutz iwwerhuelen, esou den Donald Trump iwwer seng Plattform Truth Social.

reading time

1 min

Kristi Noem | © EPA/WILL OLIVER
Kristi Noem (Foto: EPA/WILL OLIVER)

D‘Kristi Noem huet als Gesiicht vun de Massen-Expulsiounen an den USA gegollt an ass no Doudesfäll vun US-Bierger:innen duerch d‘Immigratiounsautoritéiten ICE ënner Drock geroden.

Si hat sech ëmmer hanner d‘Argument vun der nationaler Sécherheet gestallt, wat zu Masseprotester uechter d‘USA geféiert huet.