Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Éischt Chamberssëtzung zanter de Walen

Chamber

Éischt Chamberssëtzung zanter de Walen

Um hallwerdräi de Mëtteg kënnt d’Chamber fir eng éischt Sëtzung zënter de Chamberwale vum8. Oktober zesummen. Et ginn awer just 46 Deputéiert um Krautmaart vereedegt.Bis déi nei Regierung steet, wiesselt d’Parlament souzesoen an enIwwergangsmodus.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

14 Ministere vun der aler blo-rout-grénger Koalitioun goufen den 8. Oktober erëm gewielt: Si féieren d’Regierungsgeschäfter soulaang weider, bis déi néi Regierung steet. Dono réischt gi si vereedegt fir de Fall datt si an d’Parlament wiesselen.

Dräi Ministere goufen net méi erëm gewielt. Dat si vun der DP de Marc Hansen a vun déi Gréng de Henri Kox an de Claude Turmes déi de Krautmaart also bis op Weideres verloosse mussen.

Eng Rei nei Gesiichter

Et ginn also haut just 46 Deputéiert vereedegt. Ënnert hinne sinn zéng ganz nei Gesiichter. An der Sëtzung gëtt ausserdeem en Iwwergangsbüro, en Interim Generalsekretär an eng Interimskonferenz vun de Presidente gestëmmt. 

Presidéiert gëtt d’Sitzung vum Déngschteelsten, an dat ass de Michel Wolter vun der CSV. Hien gëtt vun deenen zwee jéngsten Deputéierten assistéiert, dem Luc Emering an der Liz Braz. 

CSV an DP wëllen am November Accord ofschléissen

Wann déi nei Regierung da bis steet, fänkt déi nei Chambersessioun bis richteg un. Mat dann nees e puer personelle Verännerungen. D’CSV an d’DP sinn zënter zwou Wochen a Koalitiounsverhandlungen a si wëlle scho vläicht am November mat engem Accord ofschléissen.

Lauschterenplay_arrow