Radioen

On air

Kultur um 5  |  Jamie xx Feat. The Avalanches - All You Children

play_arrow Live
search

/ "Egal wéi et gëtt, et wäert besser sinn, wéi den Assad ze hunn"

Syrer:innen treffe sech an der Stad

"Egal wéi et gëtt, et wäert besser sinn, wéi den Assad ze hunn"

Syrier a Syrierinne vu Lëtzebuerg hu sech gëschter um Donneschdegowend an der Stad getraff fir ze feieren. Ze feieren, datt de laangjärege syreschen Diktator Baschar al-Assad viru Kuerzem gestierzt gouf an d’Land, esou mengt een, endlech eng Chance op Demokratie huet. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack play_arrow
Iwwerall an Europa gi Syrer a Syrerinnen op d'Strooss a feieren, wéi och hei an Däitschland. (Foto: picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack)

Text: Ilana Joseph

Vill laachend Gesiichter, Kanner déi spillen an Erwuessener, déi sech iwwert déi aktuell Situatioun austauschen: Dat sinn d’Andréck vu gëschter Owend op der Clairefontainesplaz. Ageruff gouf dëst Zesummekomme vun der ASBL “Gëllenen Horizont”. Fir de Riad Taha, President vun der ASBL, bedeit d’Chute vum Assad-Regimm virun allem eent:

"Fräiheet. Richteg Fräiheet. Du kanns elo soen: 'Ech hunn de President net gär,' wann hie sech net gutt ëm seng Leit këmmert. Well fir déi lescht 54 Joer a Syrien ass een, wann een nëmmen dat gesot huet, fir ëmmer verschwonnen. An dat ass, wat mir elo entdecken, nodeems d'Prisongen a Syrien opgemaach goufen. Mënschen, déi 40 Joer am Prisong waren, just well si gesot hunn 'Mir hunn den Assad net gär'."

Optimismus a Virsiicht vermëscht

Op der Clairefontainesplaz dobäi waren och Kanner. D’Celine, wat Syrien net ouni de Baschar al-Assad kennt, war och do.

"Well ech wëll feiere fir Syrien. An ech wënsche mir, datt mir a Syrie kënne goen."

Nieft de positiven Nouvellen, datt den Diktator konnt gestierzt ginn, ass dëser Deeg déi syresch Communautéit awer och mat Suerge gehäit. D’Suspensioun vun den Asyldemandë vu syresche Persoune kënnt fir déi meescht zimmlech schnell. Vläicht souguer ze schnell, erkläert den Ednan Esmaiel.

"Ech héiere vu verschiddene Säiten, vu menge Frënn an Éisträich, Däitschland, Frankräich a Belsch, datt si sech Suerge maachen, well Decisioune geholl ginn, ouni eis Meenung ze froen. D’Leit, déi mat hire Familljen hei sinn, baussent Syrien, si schonn zënter 10 Joer hei. Elo hunn si Kanner, déi an d’Schoul ginn, déi vläicht souguer keen Arabesch kënnen. Si kënnen net an Syrien an d’Schoul goen. Dowéinst wäert et fir d’Kanner a Schüler onméiglech sinn, zréckzegoen."

Och bei de Jonken erkennt een d’Angscht virun enger Réckféierung, sou d’Karolina Markiewicz, déi all Dag an hirem Beruff als Proff mat syresche Schüler a Schülerinnen ze dinn huet.

"Déi syresch Schüler sinn natierlech frou gewiescht am Ufank, iwwert d’Nouvellen aus hirem Land. Mee si hunn een zweet Land lo, an dat ass zu Lëtzebuerg. Verschiddener si scho Lëtzebuerger, verschidden Anerer net. An do sinn och Schüler dobäi, déi sech Suerge maachen iwwert Prozeduren."

Der europäescher Communautéit Merci soen

Gëschter um Donneschdegowend huet ee versicht, et positiv ze halen, an un dat ze denken, wat elo grad ass, an net un dat, wat villäicht wäert geschéien. An awer weess een, datt déi nächst Zäit a Syrien net roseg wäert ginn, erzielt d’Lama Alogli.

"Egal wéi et gëtt, et wäert besser sinn, wéi den al-Assad ze hunn. Do sinn ech sécher. Mee trotzdeem wäert net jiddereen zefridde si mat der neier Situatioun an der neier Regierung. Well d’Land gouf zerstéiert. Mir hunn elo vill Problemer ze léisen."

D’Ekonomie a Syrien wier zerstéiert. Dobäi kommen d'Haiser an d'Infrastruktur, déi zerstéeirt sinn. D’Syrer, déi an Europa liewen, bréichten Zäit, fir hir Haiser a Betriber nei opzebauen, gëtt d'Lama Alogli ze bedenken.

Gëschter Owend wier een och op d’Plaz komm, fir der europäescher Communautéit fir hir politesch Positioun Merci ze soen, an dofir, datt een esou waarm opgeholl gi wier déi lescht 10 Joren, esou nach de President vun “Gëllenen Horizont”. Elo géif ee gespaant op déi kommend Deeg a Woche kucken.

Lauschterenplay_arrow