Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëffentlechen Debat iwwer Petitoun géint de Verbuet vum Verbrennungsmotor

Chamberdebat

Ëffentlechen Debat iwwer Petitoun géint de Verbuet vum Verbrennungsmotor

Lëtzebuerg soll déi europäesch Direktiv iwwer d’Verbuet vun de Verbrennungsmotore vun 2035 un net ratifizéieren. Dat fuerdert eng Petitioun, déi ëffentlech an der Chamber debattéiert gouf. De Verbrennungsmotor wier net per se klimaschiedlech, esou eent vun den Argumenter.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

D'Petitionairen Eric Derume a Chrisitian Schubert | © Chambre des Deputés play_arrow
D'Petitionairen Eric Derume a Chrisitian Schubert (Foto: Chambre des Deputés)

Ob de Verbrennungsmotor klimaschiedlech wier oder net, géif dovun ofhänke, wéi e getankt gëtt, argumentéiert de Petitionair Eric Derume. Mat alternative Kraftstoffer, wéi zum Beispill E-Fuels kéint och een Auto mat Verbrennungsmotor klimaneutral fueren. Déi Alternativ géif vu vir eran als onméiglech duergestallt ginn, bedaueren d’Petitionairen.

Ausserdeem wier d’Technologie vun den Elektroautoen nach net ausgeräift genuch. De Petitionair kritiséiert awer virun allem d’Aart a Weis, wéi dës Decisioun geholl gouf.

"Datt d’Schwächte vun den Elektroautoen, déi et ginn, vun der Politik ignoréiert ginn an de Bierger einfach viru faits accomplis gesat gëtt. Mir si fir d’Technologie-Fräiheet. D’Zukunft fir klimafrëndlech E-Fuels soll gefuerdert ginn an net ignoréiert ginn. Et ass net un der Politik an de fräie Marché anzegräifen an Technologien ze verbidden, mee si solle Rahmebedingunge schafen. Keen CO2 méi ab 2035. Ok, domat steet et der Industrie fräi, wéi si dat Zil erreechen. Firwat dierf de Marché net selwer entscheeden, wéi si de Green-Deal an déi emissiounsfräi Mobilitéit wëll gestalten?” 

Ausso vum Eric Derume lauschterenplay_arrow

No der Debatt koum d’Petitiounskommissioun zu der Konklusioun, datt een d’Bierger méi iwwer dëse Sujet informéiere wéilt.