Aus dem Sondage, deen am Optrag vum Gesondheetsministère duerchgefouert ginn ass, hu ronn 2.400 Residentë vun 18 Joer u matgemaach.
Grousst Bewosstsinn a Punkto Contraceptioun
Aus der Ëmfro geet nieft dem Drock a Punkto sexuelle Rapporten och ervir, datt d‘Contraceptioun gutt fonctionéiere géif. 68 Prozent soen, datt si bei hirem éischte sexuelle Rapport verhüt hunn.
91 Prozent soen och, datt si gutt iwwer d‘Contraceptioun informéiert sinn. Déi Mannst wëssen awer, datt Contraceptioun fir Fraen hei am Land gratis ass.
Nieft der Anti-Baby-Pëll oder soss Verhütungsmëttel fir Fraen, solle vum nächste Joer un och d'Kondomer etappeweis gratis ginn. Dat hat d'Gesondheetsministesch Martine Deprez am Juni bekannt ginn.
Éischte Kéier am Alter tëschent 16 an 18 Joer
17 Prozent vun de Fraen hu schonn op d‘mannst ee Mol an hirem Liewen ofgedriwwen. Den éischte sexuelle Rapport haten déi meescht Gefroten tëschent 16 an 18 Joer.
Doriwwer eraus geet aus der Enquête ervir, datt déi grouss Majoritéit vun de Leit sech als heterosexuell definéiert. 10 Prozent ginn un, datt si eng aner sexuell Orientéierung hunn. 12 Prozent soen, datt si scho Remarken, Froen oder negativ Verurteelunge kritt hätte wéinst hirem Geschlecht.
Vergewaltegung: Just 15 Prozent hunn eng Plainte gemaach
No enger Vergewaltegung hu just 15 Prozent eng Plainte deposéiert, heescht et nach am Rapport. 60 Prozent hätten sech no der Dot enger Vertrauenspersoun uvertraut.