D‘Gondel war vum Seel lassgaangen an e Bierg erofgefall. Et wier just eng Persoun an der Gondel gewiescht, déi 8 Plazen hat, esou nach d'Police. Déi genee Ursaache vum Accident sinn nach net gekläert, et kéint awer sinn, datt d‘Kabinn duerch de staarke Wand lassgerappt gouf.
Den Accident ass op 2.000 Meter Héicht geschitt. D‘Schigebitt gouf doropshin evakuéiert.