E Méindeg den Owend war ee Pak an der Entrée vun engem Wunngebai deposéiert ginn. Kuerz drop koum et zu enger Explosioun. Dat an deem Moment, wou een ukrainesche Geschäftsmann zesumme mat senger Fra a sengem Fils heem komm sinn. Allen dräi goufe blesséiert.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Monaco
|Ee Verdächtege gouf indentifizéiert nom Attentat op een ukrainesche Geschäftsmann
Dräi Deeg nom Attentat op een ukrainesche Geschäftsmann huet de monegassesche Parquet gëschter Owend gemellt, datt ee Verdächtegen identifizéiert gouf. Franséische Medien no wier déi suspekt Persoun eng Fra, déi sech als Mann ausginn huet.
(Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)