Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ee Véierel vu berechtegte Stéit hu Loyerssubventioun ugefrot

Observatoire de l'habitat

Ee Véierel vu berechtegte Stéit hu Loyerssubventioun ugefrot

Zu Lëtzebuerg hätten 2020 33.000 Stéit d’Loyerssubventioun kéinten ufroen, well se en nidderegt Akommes haten a méi ewéi 25 % vun hirem Netto Revenu fir de Loyer ausginn hunn. Enger Etude vum Observatoire de l’habitat no haten awer just ee Véierel vun de Stéit déi Wunnengshëllef effektiv ugefrot.

auto_stories

1 min

Zanterhier sinn déi Chiffere plus ou moins d'nämmlecht bliwwen. 47 % vun de Befroten hunn uginn datt se déi Subventioun net kannt hunn, a weider 45 % wossten net datt se mat hirem Revenu kéinten déi Hëllef ufroen. Den Observatoire de l’habitat kënnt an der Etüd zur Conclusioun, datt een an Zukunft d’Stéit besser misst iwwert d‘Loyerssubventioun informéieren. Weider misst een déi Stéit kënne proaktiv identifizéieren, mee do bräicht een Daten déi fir den Ament net disponibel sinn. An deem Fall missten d’Mietverträg registréiert ginn a mat de Revenue vun de Locatairë kënne gekräizt ginn. Dat géif dozou bäidroen, datt een deene Persounen och kann direkt hëllefen.