Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Réckbléck: Turbulent Zäiten am Aviatiounssecteur

Am Virfeld vun de Sozialwalen

Ee Réckbléck: Turbulent Zäiten am Aviatiounssecteur

Am Virfeld vun de Sozialwale vum 12. Mäerz kucke mir an den nächste Wochen zeréck op déi lescht fënnef Joer a verschiddene vun deene Secteuren, an deenen a ronn dräi Woche gewielt gëtt. Den Ufank mécht den Aviatiounssecteur, an deem et, wann een op Cargolux a Luxair kuckt, zanter de leschte Sozialwalen am Joer 2019 ëmmer nees zu Konflikter koum.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Fotoen: radio 100,7 / picture Alliance Illustratioun: Morgane Weidig play_arrow
Illustratioun: Morgane Weidig

Obwuel déi zwou representativ Gewerkschaften LCGB an OGBL betounen, datt ee vill erreecht hätt, a virun allem datt de Sozialdialog nees hiergestallt gi wier, gi si awer dovun aus, datt et an den nächste Jore weider vill ze di gëtt an deem Secteur.

Mee sprange mir virop zeréck an den Abrëll 2019, fir op d’Resultat vun de leschte Sozialwalen ze kucken: Am Ganze koum den OGBL am Aviatiounssecteur op 21 Sëtz, den LCGB op 15 an d’NGL/SNEP op een. Bei der Cargolux war et dëst Bild: LCGB 8, OGBL 6. Bei der Luxair: OGBL 5, LCGB 5 an NGL/SNEP een.

Cargolux: 2023 koum et zum Streik

Wat d’Cargolux ugeet, gouf et zanter 2019 zwee gréisser Picen. Nodeems d’Gewerkschaften am Juni 2019 am Zesummenhank mat engem neie Kollektivvertrag eng Reunioun op der Conciliatioun gefrot haten, gouf zwee Méint drop een neie Kollektivvertrag ënnerschriwwen, mat enger Lafzäit bis Enn 2022. Ënnert anerem kruten d’Buedempersonal an d’Pilote méi an der Pai.

Bei der Cargogesellschaft war et, trotz der Pandemie tëschenduerch, du relativ roueg, bis am September zejoert, wéi et, nom Echec eng Woch virdrun vun de Verhandlungen iwwer en neie Kollektivvertrag, zu engem Streik koum: Zwee Deeg drop hunn Direktioun a Gewerkschaften dunn allerdéngs een neie Kollektivvertrag ënnerzeechent, dee bis August 2027 gëllt an ënnert anerem nees méi an der Pai virgesäit. Woubäi ee bei der linearer Erhéijung dovun e bëssen noginn hätt, wéi d’Michelle Cloos vum OGBL dee Moment sot:

“Dat war ebe fir eis d’Optioun, ze soen: Ok, mir gi vläicht do vun där symbolescher Zuel awer e bëssen erof, ouni datt et elo en extremen Ënnerscheed gëtt, mee et ass effektiv héich genuch. A firwat ass dat wichteg? Fir d’Buedempersonal, do ass et jo net einfach eng linear Erhéijung, mee do maache mir am Fong eng ganz nei Gehaltstabell, déi do mat verrechent gëtt.”

Luxair: Mangelnde Respekt virum Personal?

Bei der Luxair dogéint hu sech d’sozial Spannungen tëscht Direktioun a Gewerkschafte méi verdeelt iwwer déi lescht fënnef Joer. Am September 2020 gouf et de Virworf vun de Gewerkschafte vis-à-vis vun der Direktioun, datt déi de Sozialdialog mat Féiss trëppele géif.

Nawell hu béid Säiten zwee Méint drop ënnert anerem de Kollektivvertrag bis Enn 2023 verlängert. No enger Manifestatioun vun de Gewerkschafte fir de Respekt vum Personal am September 2022 huet am Dezember vun deem Joer, en vue vun der Verbesserung vum Sozialdialog, de Mediateur Roby Biever eng éischt gemeinsam Reunioun fir Januar 2023 ugesat. Am Juni d’lescht Joer hat den Ex-Procureur général déi Mediatioun dunn ofgeschloss. Dee Moment war et un hien d’Fro, ob de Sozialdialog dann elo nees fonctionéiert.

“Oh, wësst Dir: Do muss een ëmmer virsiichteg sinn. Zum Schluss vun der Mediatioun huet e fonctionéiert. Ob en elo wierklech fonctionéiert an ob d’Mediatioun schliisslech e Succès ass oder net, mengen ech, do wier ech méi virsiichteg. Dat gesäit een eréischt op Dauer.”

Potential fir nei Konflikter

Am Dezember elo gouf et dunn, no enger Zäit vun Ongewëssheet, een Accord iwwer ënnert anerem d’Aarbechtsplazen am Cargocenter: D’Luxair wollt do net méi un der Ausschreiwung fir d’Lizenze vum Ground Handling Cargo deelhuelen. Et gouf doropshin decidéiert, datt d’Personal vum Cargocenter vun der Luxair vu Luxcargo Handling géif iwwerholl ginn. De Paul De Araujo vum LCGB.

“Den Accord ass ee gudden Accord, am Sënn datt en eng Äntwert fënnt op all déi Froen an all déi Onsécherheeten, déi d’Salariéen elo iwwer all déi Méint hunn, sief dat d’Ofsécherung vun hiren Aarbechtsplazen, sief dat d’Ofsécherung vun hiren Aarbechtskonditiounen, sou wéi och hir Existenz.”

D’Pandemie hat déi lescht Joren deemno e groussen Impakt op d’Aviatioun, an um Horizont besteet mat zum Beispill de Verhandlungen iwwer een neie Kollektivvertrag bei der Luxair, déi ablécklech an der Ufanksphas sinn, eventuell neit Konfliktpotential. Dee Moment muss sech weisen, ob d’Problemer beim Sozialdialog, déi u sech behuewe schéngen, net nei Turbulenzen no sech zéien.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft