Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissiounspresidentin an aner Spëtzepolitiker:innen haut zu Kiew

3 Joer Krich an der Ukrain

EU-Kommissiounspresidentin an aner Spëtzepolitiker:innen haut zu Kiew

D‘EU géif der Ukrain méi fréi wéi geplangt eng nei finanziell Hëllef vun 3,5 Milliarden Euro iwwerweisen. Dat huet d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen um Méindegmëtten, dem drëtte Joresdag vun der russescher Invasioun vun der Ukrain, ugekënnegt. 

auto_stories

2 min

EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen op der Münchener Sécherheetskonferenz | © European Union
EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen op der Münchener Sécherheetskonferenz (Foto: European Union)

D‘Sue sollen am Mäerz iwwerwise ginn.  D‘Land steet zanter dempolitesche Richtungswiessel vun den USA enorm ënner Drock.

Sanktioune géint Russland

D'EU-Ausseministere sollen de Moien zu Bréissel en neie Sanktiounspak géint Russland formell decidéieren. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel ass mat dobäi. Déi nei Sanktioune ware schonn d'lescht Woch ugekënnegt ginn. Mat dëse Moossname soll den Drock op Russland erhéicht ginn, virum geplangten Treffen tëschent dem US-President Donald Trump mat sengem russeschen Homolog Wladimir Putin.

Bei de Vereenten Natioune wëllen d'USA haut mat engem Moskau-frëndleche Virstouss iwwer den Ukrainkrich déi international Staategemeinschaft hanner sech bréngen. D'USA hu bei der UNO den Entworf vun enger Resolutioun virgeluecht, déi neutral ass, an an där Russland net als Aggresseur bezeechent gëtt. Eng Ofstëmmung doriwwer soll Diplomaten no de Mëtteg an der UNO-Vollversammlung an den Owend am UNO-Sécherheetsrot sinn.

Macron beim Trump

D'Ukrain wäert dann och zentraalt Theema bei enger Visitt vum Emmanuel Macron zu Washington sinn. De franséische President gëtt am Wäissen Haus vum US-President Donald Trump empfaangen. Nom Virstouss vun den USA fir ouni d'Ukrain an d'Europäer mat Russland ze verhandelen, hat den Emmanuel Macron d'lescht Woch zu Paräis Krisegespréicher mat Staats- a Regierungscheffe vun EU- an NATO Länner geféiert. Duerno hat de franséische President mam Donald Trump um Telefon geschwat.