Entschiedegunge bei Retarden an Ausfäll, méi Transparenz bei Ticketspräisser an eng besser Informatioun fir Passagéier: Dat steet am Fokus vun den neie Reegele zu de Passagéierrechter. D'lescht Woch schonn ass am Europaparlament doriwwer diskutéiert ginn.
Entschiedegung bleift vun dräi Stonne Retard un
Am Ufank sollten d‘Reegele verwässert ginn, et bleift awer elo derbäi, datt d‘Fluchlinn prinzipiell muss eng Entschiedegung bezuelen, wann ee Vol op d'mannst dräi Stonne Retard huet. D‘Sue sinn no der Distanz gestaffelt, déi ee wollt zeréckleeën.
Spéitstens 96 Stonnen no engem Fluchausfall muss d'Fluchgesellschaft de Passagéier iwwer seng Rechter informéieren.
Donieft soll et an Zukunft Standard sinn, datt den Ticketspräis ëmmer mat Handgepäck ugewise gëtt.