Radioen

On air

9 bis 1  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU wëll méi aktiv géint illegalen Drogenhandel virgoen

EUROPÄESCH KOMMISSIOUN

EU wëll méi aktiv géint illegalen Drogenhandel virgoen

Um europäeschen Droge-Marché kommen ëmmer méi an och ëmmer méi verschidden illegal Drogen un. Ee groussen Deel dovu kënnt mam Schëff, dowéinst soll de Fokus vun engem Aktiounsplang vun der EU-Kommissioun op d’Häfen an der EU gesat ginn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Ee groussen Deel vun den illegalen Droge kënnt iwwer déi europäeschen Häfen eran. Zejoert goufen eleng zu Antwerpen 110 Tonne Kokain saiséiert, zu Rotterdam waren et 50 Tonnen. Et ass dovun auszegoen, datt dat just ee kléngen Deel ass vun deem, wat wierklech do ukënnt.

Et gëtt an der EU eng héich Disponibilitéit fir Drogen, dat seet de Rapport vum Juni vum Europäeschen Observatoire. Den Direkter Alexis Goosdeel huet demols d’Situatioun esou resuméiert.

Droge sinn iwwerall, alles kann als Drog gebraucht ginn a jidderee kann domat konfrontéiert ginn. Direkt oder indirekt, egal wéi eng Sucht een huet. Wat nei ass, datt d’Gewalt, déi mat Drogen ze dinn huet, och an der EU present ass. All Memberstaat huet dee Problem."

Méi Kontrollen op den Häfen

Nëmmen zwee Prozent vun de Wueren, déi iwwert een Hafen erakommen, gi kontrolléiert. Dowéinst soll de Fokus am Aktiounsplang op dës Entréespunkte geriicht ginn. D’Koordinatioun tëscht de Länner spillt hei eng Schlësselroll, seet d’Ruth Dreifuss, Member vun der globaler Kommissioun fir Drogepolitik, an där fréier Staats- a Regierungscheffe sëtzen.

An éischter Linn géing et och drëm, dem Blanchiment, dee mam Drogenhandel verbonnen ass, nozegoen.

Den Drogenhandel ass mat dee profitabelste Secteur. Do muss een de Suen nogoen an se konfiskéieren.”

Zesummenaarbecht mat de Länner, aus deenen Droge kommen

D’EU muss also ënnereneen awer och mat deene Länner, wou d’Drogen hierkommen, besser zesummeschaffen. Dat sot och d’EU-Kommissärin Ylva Johansson Enn September no engem Dialog mat Kolumbien zu deem Theema.

"Organiséiert, kriminell Gruppe sinn an der EU méi aktiv a méi professionell. Iwwer d’Grenzen ewech, awer och online. Do muss d’EU aktiv ginn."

Just 83 Fixerstuffen an der ganzer EU

Op där anerer Säit muss och méi géint d’Auswierkunge vum Drogekonsum ënnerholl ginn. D’Ruth Dreifuss ernimmt hei besonnesch Fixerstuffen.

Där Fixerstuffe gëtt et awer erschreckend wéineg op europäeschem Terrain. Dem Rapport vum Observatoire no waren et der am Juni dëst Joer ganzer 83 an de 27 EU-Länner - zwou dovun zu Lëtzebuerg,

Neit Mandat fir europäesch Drogen-Agence

Den europäeschen Drogen-Observatoire zu Lissabon soll vum Juli d’nächst Joer un an eng europäesch Drogen-Agence mat méi Kompetenzen a Moyenen ëmgewandelt ginn.

D’Agence soll dofir suergen, Donnéeën ze koordinéieren, an de Länner bei der Detektioun vun de verschiddene Substanzen hëllefen. Op ville Plaze wieren d’Laboratoiren net richteg equipéiert. De But vum neie Mandat vun der Agence wier et, een europäescht Netzwierk vun de Laboratoiren op d’Been ze setzen an deels och selwer Analysen ze maachen, am Fall wou déi net an de respektive Länner kënne gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.