Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - Arm's Length

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU wëll Verpackungs-Dréck reduzéieren

NEI EU-VERPAKUNGSDIREKTIV

EU wëll Verpackungs-Dréck reduzéieren

Trotz Efforte fir méi Recycling oder Ökostuuten: An der EU wiisst de Bierg vu Verpackungen, déi ewech geheit ginn. D‘Europaparlament stëmmt haut iwwer nei Reegelen of.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

De leschte Chiffere vun Eurostat no sinn 2021 an der Europäescher Unioun pro Kapp 189 Kilo Verpackungdreck an der Dreckskëscht gelant. Dat sinn iwwer 20 Prozent méi wéi nach vrun zéng Joer. A wann et esou viru geet, soen d’Statistiker viraus, datt d’Emballagen, déi ewech geheit ginn, bis 2030 ëm weider 19 Prozent wuessen.

Datt d’EU nei Reegele brauch, doriwwer war ee sech en Dënschdeg an der Debatt an der Plenière vum Europaparlament zimmlech eens.

“D’EU huet een traurege Rekord gebrach”, sou den EU-Ëmweltkommissär Virginijus Sinkevičius de Verpackungsdreck wier méi séier gewuess wéi d’Kapazitéite fir de Recyclage

EU-Kommissär fir d‘Ëmwelt: “Recycléiere geet net méi duer”

Zil vun der EU-Direktiv ass et 15 Prozent manner Verpackungsoffall pro Awunner a Land bis 2040 ze erreechen.
Keng kléng Plastiks Shampoing - Fläschelcher méi am Hotel, den Hamburger am Fastfood-Restaurant op engem Teller, dee gespullt gëtt an d’Geméis am Supermarché méiglechst onverpaakt - dat soll elo d’Reegel an der EU ginn.

Frankräich: De Camembert bleift, wat en ass

D’Propose vun der Kommissioun awer gouf vun der Industrie staark kritiséiert.

Zu enger richteger Polemik koum et a Frankräich, wou ee grousse Mëllechproduzent, verbreet huet, d’EU géing all Verpackung, déi net recycléiert gëtt, verbidden. Dorënner géifen also och Verpackungen aus Holz falen, fir déi Recycling ze deier gëtt.

Domat géif déi ganz Traditioun vum Camembert a Fro gestallt, deen déi ronn hëlze Këschtercher brauch fir z’ootmen an zeideg ze ginn.

Am Debat am Parlament, gouf d’Kommissioun dann och vun der Extrême droite vernannt.

“Comme à chaque fois, vous êtes dans le tout ou rien, vous sombrez dans la folie normative absurde.”

Sou de Philippe Olivier vum franséische Rassemblement Naitonal.

Ma well d’EU dat elo wierklech verbidden?

Eng Fake news - wéi d’Zeitung Le Monde explizéiert huet - déi trotzdeem op der „Une“ a ville Medie war.

Vun där neier Reegel wieren nämlech Produite mat “Appellation d’origine contrôlée” ausgeholl, also och de Camembert, deen esou ausgezeechent ass.

Esou eng Appellatioun huet allerdéngs de Camembert vun der Marque “Président”, vun deem genannte grousse Mëllechproduzent net. Dee misst an Zukunft also effektiv ouni hëlze Këscht verkaf ginn. Wat fir Kéis aus pasteuriséierter Mëllech och keng qualitativ Konsequenzen hätt, sech awer negativ op säin Image kéint auswierken. Dohir och den Interêt, déi falsch Nouvellen an d’Welt ze setzen.

Tilly Metz: Temporär Derogatioune si vertrietbar

„Mir musse méi op d‘Preventioun setzen“, seet d’Tilly Metz, Europadeputéiert vun deene Gréngen Et wier ee beim Kéis awer prinzipiell kompromëssbereet.

“D’Holzverpackunge vum Camembert ginn aktuell effektiv bal bis guer net recycléiert a recycléierbare Plastik ass anscheinend keng Optioun fir déi Zort Kéis. Eng temporär Derogatioun, bis datt eng Léisung fonnt ginn ass, fannen ech dofir vertrietbar”

Den Ëmweltausschoss hätt deels schonn entspriechend Ännerungen am Text virgeholl.

Martine Kemp: De Gesetzestext der „Realitéit upassen“

D’Martine Kemp - CSV-Europadeputéiert weist drop hin, datt een oppasse muss, dee Gesetzestext der Realitéit unzepassen. Zum Beispill beim Cremant a Schampes, wou de Recycling, wéinst dem Drock, deen op de Fläschen ass, kéint geféierlech sinn.

“Beim Cremant oder Schampes bestéing ee Risiko fir de Client, wann een op weiderverwäertbar Fläsche setzt - well een do net ka garantéieren, datt engem d’Fläsch net em d’Ouere flitt, wann ee se op mécht, zum Beispill wann do eng kléng Beschiedegung dra war. Dat sinn esou Spezifizitéiten, op déi een oppasse muss.”

Anerer wéi den däitsche Chrëschtdemokrat Peter Liese wëllen déi kléng Pabeierstiitercher fir Zocker, am Restaurant oder Café weider erlaben. Och italieenesch Europadeputéiert hu spezifesch Bedenke fir verschidde Produite geäussert an deementspriechend Amendementer agereecht.

Eng ganz Partie Europadeputéiert froen dowéinst Derogatiounen. Et kéint also gutt sinn, datt am definitiven Text, deen dono nach muss mat Memberlänner diskutéiert ginn - nach déi eng oder aner Ausnam festgehale gëtt.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.