Radioen

On air

Tockcity  |  Skeleten - Bodys Chorus

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU verhänkt Sanktioune géint iranesch Heefen

Reaktioun op Ënnerstëtzung vu Russland

EU verhänkt Sanktioune géint iranesch Heefen

No der Liwwerung vun iranesche Rakéiten u Russland, huet d’EU nei Sanktioune géint den Iran verhaangen. D’Mesurë viséieren ënner anerem zwee iranesch Heefen am Kaspesche Mier, genee ewéi russesch an iranesch Schëffsentreprisen.

auto_stories

2 min

D’Infrastruktur an deenen Heefen dierf an Zukunft mat der Hëllef vun europäeschen Entreprisen ausgebaut ginn an déi betraffen iranesch Schëffartsgesellschaften dierfe keng europäesch Heefe méi usteieren.

Iwwwerdeems lafen Diskussiounen ronderem Sanktioune géint China. Op der Reunioun goufen d’Informatiounen vun europäesche Geheimdénghscter doriwwer, datt a China Dronen fir de russesche Krich an der Ukraine produzéiert ginn, cofirméiert. Dat misst Konsequenzen hunn, sot um Bord vun der Reunioun déi däitsch Ausseministerin Baerbock.

Kritik un Telefongsespréich mam Wladimir Putin

D’Telefonsgespréich vum däitsche Kanzler Olaf Scholz mam russesche President Wladimir Putin gouf iwwerdeems vu Verschiddene kritesch gesinn.

Et wir fir hien onveständlech, firwat den Olaf Scholz ausgerechent elo den Telefon an de Grapp geholl an de russesche President ugeruff huet, sot den litauscheschen Ausseminister.

Wann ee mam russesche President telefonéiert, misst een dat aus enger Positioun vun der Stäerkt erausmaachen. Am anere Fall notzt Russland dat aus, sou den Gabrielis Landsbergis. Genee dat wier elo geschitt, mat där neier Offensive duerch Rakéiten-Attacken.

Baerbock: Nei EU-Strategie fir den Ukrain

Europa brauch eng nei Strategie mat der Ukrain, sou d’Fuerderung vum Litauer. Och déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock huet sech de Méindeg zu Bréissel dofir agesat, datt Europa sech méi staark engagéiert.

"Jeder, der bewusst seine Augen aufmacht, jeder, der Putin zuhört (...), der weiß, Putin möchte weiter die Ukraine und damit unseren europäischen Frieden in Freiheit vernichten."