Radioen

On air

Fiasko Fest  |  The Sugarhill Gang - Rapper's Delight

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EU sicht no hirer Roll am Konflikt am Noen Osten

EU-Ausseministeren

D'EU sicht no hirer Roll am Konflikt am Noen Osten

D’Ausseministeren aus de 27 EU-Länner hu sech mat hiren Homologen aus Saudi-Arabien, Ägypten, Jordanien an Israel beroden. D’EU wollt sech virun allem fir eng Zweestateléisung staark maachen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Den EU-Chef-Diplomat Josep Borrell koum mam klore Plang, d’Zweestaateléisung an d’Fënster ze stellen, virun allem och en vue vun den Aussoe vum israelesche Premier Netanjyhu, deen déi Perspektiv e Samschdeg an engem Tweet rejetéiert huet.

“Mir sollten ophalen iwwert ee Friddensprozess ze schwätzen an elo méi konkret iwwert den Zweestaateprozess schwätzen, doriwwer, wat mir wëlle maachen.“

EU-Länner hunn ënnerschiddlech Approche

Déi 27 EU-Länner dierften do méi oder wéineger dohannert stoen. Allerdéngs gëtt den Accent weidergi ganz ënnerschiddlech gesat.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel zum Beispill, adresséiert eng Zort Warnung un d’Adress vun Israel.

“Et gëtt keng Justifikatioun méi fir dat, wat Dir maacht. Dir musst realiséieren, datt Dir Iech ëmmer méi isoléiert an, datt mir op eng Kéier net méi verstinn. Dir sidd Victimme gewiescht vun der Hamas, mee op eng Kéier zielt de Statut vu Victimm net méi fir verschidde Leit an dat muss Dir evitéieren. Wëll am Moment sinn am Fong déi gréisst Victimmen d'Zivilpopulatioun am Gaza.”

Ee Waffestëllstand an der Regioun wier elo dat Wichtegst, sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat.

Waffestëllstand a Waffepaus

Anerer wéi den eisterräicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg schwätze weider léiwer vun enger Waffepaus a poche virun allem op d’Fräiloosse vun de Geiselen.

“Ich bin entsetzt, dass dieses Thema in den Hintergrund gerückt ist. Welcher Staat wäre bereit, nach vorne zu denken, so lange noch über 100 Menschen in Geiselhaft sitzen?“

Och Däitschland gesäit dat weider esou, allerdéngs gëtt et vun dëser Säit indirekt Kritik um israeelesche Premier a sengem Neen zu enger Zweestaateléisung.

„All diejenigen, die davon nichts wissen wollen, haben bisher keine andere Alternative auf den Weg gebracht“, sou d’Ausseministerin Analena Baerbock.

Appell un d‘EU

Fakt ass, datt och déi radikal islamistesch Hamas esou eng Zweestaateléisung weider refuséiert, an d’Zerstéierung vun Israel viséiert.

D’Appeller awer aus der Regioun goungen de Méindeg zu Bréissel net un déi Address, mee un d’EU, déi soll op Irsael awierken.

„Ech erwaarde mer, datt Dir ee Waffestëllstand an eng Zweestaateléisung fuerdert, sot den Riyad Al-Malki, den Ausseminister vun der Palestinensescher Autoritéit.“

D’EU misst hei Leadership weisen.

Xavier Bettel: EU net beléift am Noen Osten

Nach awer schéngt de Friddensplang vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell net sprochräif ze sinn. Et géif där Pläng vill den Ament, huet de Josep Borrell um Enn zouginn. Och datt d’Diskussioun mam israeleschen Ausseminister net vill bruecht hätt.

Et bleift weiderhin onkloer, ob d’EU hei wierklech zum Zuch kënnt.

„Wir müssen sehen, wo wir als Mediator auftreten können. Aber den besten Ruf haben wir auch nicht, das ist auch eine Tatsache“, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.“

Dat hätt hie bei senge Gespréicher déi lescht Woch an Israel gemierkt.

D’Europäesch Unioun sicht weider no hirer Roll, déi si an deem Konflikt spille kéint.

Lauschterenplay_arrow


​​​​​​​An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.