Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU: schaarf Reegele fir Kënschtlech Intelligenz

kënschtlech Intelligenz

EU: schaarf Reegele fir Kënschtlech Intelligenz

D‘EU-Staaten hu méi schaarf Reegele fir Kënschtlech Intelligenz an der EU decidéiert. Dat neit KI-Gesetz ass de Moien zu Bréissel definitiv ugeholl ginn.

auto_stories

1 min

© Bigstock
Foto: Archiv

An deem neie Gesetz gi bestëmmte KI-Applikatioune ganz verbueden.

Et ass dat weltwäit éischt Gesetz iwwer KI a kéint ee globale Standard setzen, heescht et vu Bréissel. Et soll garantéieren, datt KI-Systemer méiglechst transparent, ëmweltfrëndlech an net diskriminatoresch sinn. Et soll och festgehale ginn, dass d‘KI-Systemer vu Mënschen iwwerwaacht ginn an net nëmme vun aneren Technologien.