Um Enn huet eng kloer Majoritéit vun 382 EU-Deputéiert fir de staark geännerten Text gestëmmt, 249 waren dergéint, wärend sech der 13 enthalen hunn.
Brandmauer no riets gefall
Dobäi koum et zu enger Premiere bei engem Vott iwwert eng legislativ Propos am Europaparlament: D’Majoritéit setzt sech zum groussen Deel aus de Stëmme vun den Deputéierten aus der “Europäescher Vollekspartei”, där zu Lëtzebuerg d’CSV ugehéiert, an de rietskonservative respektiv rietsextreme Fraktiounen zesummen.
D’Sozialisten, déi Liberalen, an déi Gréng schwätze vum Broch vun der Brandmauer no riets.
Bis zum Schluss wier vu Säite vun de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen un engem Kompromëss geschafft ginn, seet de Marc Angel. Allen dräi hätten hir rout Linnen opginn.
Marc Angel: EVP huet bewosst mat Rietsenzesummegeschafft
D’EVP awer hätt sech dorop net agelooss a Maximal-Fuerderunge gestallt. Si hätt bewosst eng Majoritéit um rietse Bord gesicht.
“Hei huet d’EVP ganz kloer de Choix gemaach, net mat der Mëtt ee Kompromëss ze fannen. Si woussten, datt si géifen eng Majoritéit mat deenen Extrem-Rietse kréien. Si hunn och mat deenen zesummegeschafft. Voilà lo hu mer d’Resultat.”
Déi nei Reegele sollen Entreprisen dozou verflichten, Mënscherechts- an Ëmweltstandarden an hire Liwwerketten ze respektéieren.
D’Gesetz war schonn zejoert decidéiert ginn, gouf awer bis elo net applizéiert, nodeems sech Fuerderunge fir méi labber Reegelen duerchgesat haten.
Am Parlament hat am Oktober ee Kompromëss tëschent de Parteien aus de politescher Mëtt, der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten a Liberalen net gehalen - eng Majoritéit am Europaparlament hat um Enn dee ganzen Text rejetéiert.
Bei de Sträitpunkten an den Diskussiounen ëm een neie Kompromëss goung et an éischter Linn em d’Gréisst vun den Entreprisen, déi géifen ënner d’Gesetz falen.
Och d’Haftung vun de Betriber, wa Standarden net agehale ginn an d’Opstelle vun obligatoresche Klimapläng war ëmstridden.
D’Majoritéit am Parlament huet sech haut dofir ausgeschwat, datt déi zwee Punkten aus dem Text gestrach goufen. D’Ännerungen, déi d’EVP beim Vott haut proposéiert huet, goungen de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen ze wäit.
Wat elo festgehale gouf, wier keng Simplificatioun, mee de Beweis, datt et just em e puer Deregulatioun gaangen ass, esou de Marc Angel.
Och déi Gréng Tilly Metz schwätzt vun engem “Skandal”. De Vott wier eng klorer “Ofso un d’Mënscherechter, den Ëmweltschutz an d’Demokratie”.
Martine Kemp: EVP huet “léisungsorientéiert geschafft
D’Martine Kemp, CSV-Europadeputéiert, mécht eng aner Analys. Si huet genee ewéi d'Isabel Wiseler-Lima fir den Text gestëmmt. A si steet dozou. D’EVP hätt just hir “eegen Amendementer” gestëmmt, an net Propose vu rietsen oder rietsextreme Fraktiounen ënnerstëtzt.
"Et war keng aktiv Zesummenaarbecht vun eiser Säit mat deenen extreem Rietsen, mee mir kënne keng Leit dovunner ofhalen am Parlament, déi fannen, datt eis Iddie gutt sinn, fir eis Iddien dann och mat ze ënnerstëtzen an domadder op eng Positioun ze kommen."
Datt mat den Ännerungen, déi d’EVP elo an d’Spill bruecht huet, rout Linne vun de Sozialisten, de Liberalen an de Gréngen iwwerschratt goufen, war iwwerdeems bekannt. D’EVP wier hei inhaltlech “op hirer Linn bliwwen” an hätt elo “léisungsorientéiert geschafft”, seet dozou d’Martine Kemp.
Schliisslech hätten sech d’Sozialisten net un deen éischte Kompromëss gehalen, bei deem d’EVP op ville Punkten no ginn hat.
"Firwat musse mir dann nach op eisen Iddien noginn, Kompromësser agoen, wann et net méiglech ass do dee grousse Kompromëss mat deenen aneren alleguer ze fannen? Mee da bleiwe mir op eiser Linn a mir ginn net weider hin a mir probéieren de Sozialisten an de Liberalen sou wäit entgéint ze kommen, wa mer eis herno net an där gemeinsamer Positioun erëmfannen."
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel hat am Oktober géint dee, wéi hie sot “faule” Kompromëss gestëmmt. D’Sozialiste wiere vun der EVP erpresst ginn, d’Direktive wier schonn deemools esouwäit ofgeschwächt ginn, datt hien deen Text net méi mat droe konnt.
De Vott vun deemools deet him net leet, sot en Donneschdeg de Marc Angel. D’Positioune wieren elo méi kloer. An no dësem zweete Vott wéisst een elo “wou jidderee steet”.
Charel Goerens: Riets-Extrem ginn zu Arbitteren
Virun engem Präzedenzfall am Europaparlament warnt iwwerdeems den DP-Europadeputéierte Charles Goerens, dee wéi d’Majoritéit vun der Fraktioun vun de Liberalen och géint den Text gestëmmt huet. Haaptsächlech wier hien net d’accord domat, wéi hei Politik gemaach gouf.
Doduerch, datt sech EVP, Liberaler a Sozialisten net eens goufen, hätt een déi Extrem-Riets als “Arbitter” installéiert.
"An ech kann net zouloossen, datt mer hei e Präzedenzfall schafen, wou an Zukunft bei alle wichtegen Entscheedungen d'extreem Droite amfong d'Zünglein an der Wo ass. Dat kann et net sinn"
D’Lëtzebuerger Regierung, dat fuerdert d’TillyMetz, sollt zu deem Virfall Stellung huelen. Esou “Deals mat rietsextreme Parteien dierften net zur Norm ginn.”
D’Lëtzebuerger Regierung wär dofir gewiescht, datt d’Liwwerkettegesetz iwwerschafft gëtt, seet dozou de Charles Goerens. D’Manéier, wéi hei am Europaparlament zesummegeschafft gouf, wier awer sécher eppes “wat zu Lëtzebuerg ni a Fro kéim”.
Konsequenze fir d’Koalitioun vun der Mëtt
De Vott iwwer d’Liwwerkette-Gesetz wäert Suitte fir weider Ofstëmmungen hunn, sou de Charles Goerens.
Ënner dem Stéchwuert “Simplification administrative” solle weider Gesetzer op de Leescht geholl ginn. Och hei kéint et zu enger Allianz vun EVP a Rietsen oder rietsextreme Fraktioune kommen.
“Wir haben die Geburt einer neuen Kooperation gesehen, die sich verstetigen kann.”
Seet de René Repasi. Den däitsche Sozialdemokrat huet am Europaparlament d’Verhandlunge fir déi sozialistesch Fraktioun iwwer d’Liwwerkettegesetz gefouert.
Bei der Zesummenaarbecht mat de Rietsextreme wier duerch eng “Salamitaktik” ausprobéiert ginn, wéi wäit ee goe kéint a getest ginn, ob et zu Protester an den europäeschen Haaptstied, de Medien an an der Zivilgesellschaft géing kommen.
“Das ist immer ausgeblieben. Deswegen sind wir jetzt hier angekommen.”
D’Martine Kemp verséchert iwwerdeems, d’EVP wielt un der Koalitioun mat Liberalen a Sozialiste festhalen.
Et wielt een awer och, sou d’CSV-Politikerin, eng Europäesch Unioun hunn, “déi weider funktionéiert an déi virukënnt”, dowéinst misst ee “pragmatesch a konstruktiv” un d’Dossieren erugoen.