D’EU-Länner dierfte staatlech Subsiden zum Beispill fir Elektro-Autoe just da verginn, wann d’Komponenten, déi dora verschafft ginn, zu engem bestëmmte Prozentsaz an Europa hiergestallt goufen.
Déi strategesch wichteg Secteuren an Europa misste verstäerkt ginn, sou de Mëtteg de Vizepresident vun der Kommissioun, de Stéphane Séjourné, deen sech gefreet huet, dat neit Gesetz endlech kennen ze presentéieren.
Strategesch wichteg Secteure solle gefërdert ginn
Wéinst Kritik am Virfeld huet d’Kommissioun déi Präsentatioun e puer mol verluecht an huet och missen d’Lescht vun de betraffene Secteuren no ënne korrigéieren.
Zil vun de Mesuren ass et, déi europäesch Industrie méi klimafrëndlech ze maachen an an der Konkurrenz mat China an den USA ze stäerken. De Stéphane Séjourné nennt och konkret Zuelen.
“Notre objectif est clair: ramener l’industrie à 20 pour Cents du PIB d’ici 2035, contre 14 pour Cents aujourd’hui.”
Dem Projet de loi no dierfte staatlech Subsiden oder ëffentlech Opträg bestëmmte strategesch wichtege Secteure just da vergi ginn, wann d’Produiten zu engem bestëmmte Prozentsaz an Europa hiergestallt goufen.
Dorënner falen där Propos no Stol, Zement, Aluminium awer och “gréng” Technologien an Elektro-Autoen.
Och Net-EU-Länner géifen ënner "Made in Europe" falen
Ëffentlech Sue misste virun allem der europäescher Produktiounen an europäeschen Aarbechtsplazen zu gutt kommen, erkläert de Stéphane Séjourné
“Nous assumons la préférence européenne, lorsque l’argent public est enjeu: marchés publics, aides à l’achat ou subventions directes.”
Länner mat deenen d’EU Handelsaccorden huet, géifen ënnert bestëmmte Konditiounen och an dee Programm mat abezunn. D’Critèren dofir kéinten am Laf vun de Verhandlungen och nach verännert ginn, dowéinst géif een elo keng Lëscht vu Länner presentéieren, esou den EU-Kommissär.
D’Propos ass ënnert de Memberlänner ëmstridden a muss souwuel vun hinne wéi vum Europaparlament gutt geheescht ginn. D’Diskussiounen doriwwer fänken elo eréischt un.
Wéi koum et zu där Gesetzespropose fir de “Made in Europe”? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber