Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun: Lëtzebuerg liicht an eng Rezessioun gerutscht

No der STATEC

EU-Kommissioun: Lëtzebuerg liicht an eng Rezessioun gerutscht

D’Europäesch Kommissioun confirméiert, datt d’Lëtzebuerger Ekonomie dëst Joer an eng liicht Rezessioun rutscht. Dat weisen d’Zuele vun der Hierscht-Previsioun, déi de Moie publizéiert goufen.

auto_stories

1 min

D’Zuele vu Bréissel sinn awer liicht méi optimistesch wéi déi vum Statec. Wärend d‘EU-Kommissioun vun engem Minus vun 0,6 Prozent vum PIB ausgeet, hat de Statec ee Minus vun 0,8 Prozent virausgesot. 

Fir d’nächst Joer geet d’Kommissioun iwwerdeems vun enger Croissance vun 1,4 Prozent zu Lëtzebuerg aus. De Staatsdefizit géing där Previsioun no dëst Joer op 1,9 Prozent vum PIB an 2024 weider op 2,1 Prozent klammen. 

Wéi de Statec erwaart ee sech eng weider Hausse beim Chômage, deen der Kommissioun no d’nächst Joer no bei 6 Prozent leie wäert.