Radioen

On air

Notturno  |  Charlotte Haesen - The Parrot's Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU: D’Aarbechtskonditioune fir Stagiairë solle verbessert ginn

Propos vum Nicolas Schmit

EU: D’Aarbechtskonditioune fir Stagiairë solle verbessert ginn

D’Aarbechtskonditioune vun de Stagiairen an der europäescher Unioun solle sech däitlech verbesseren. Dat huet den EU-Kommissär fir Soziales, den Nicolas Schmit, haut de Mëtteg an der EU-Kommissioun virgeschloen.

auto_stories

1 min

Dofir huet hien ënnert anerem eng Direktiv proposéiert, mat där soll verhënnert ginn, datt Employeuren hir Stagiairen ausnotzen. Dacks misste si wéi ee festen Employé schaffen, a géifen awer net fir hir Aarbecht bezuelt ginn, esou den Nicolas Schmit.

"Dacks gëtt Erfarung verlaangt"

D’Aarbecht vu jonke Leit, déi am Stage sinn, wieren net genuch unerkannt, esou den Nicolas Schmit. Et wier gewosst, datt ee Stagë brauch, fir ze léieren. An et ass och eng Méiglechkeet fir méi séier Zougang zum Aarbechtsmarché ze kréien, esou den LSAP-Politiker.

"Well dacks gëtt Erfarung verlaangt. A wann s de keng Erfarung hues, gëtt et och méi schwéier fir an den Aarbechtsmaart eran ze kommen. Dofir musse mir wierklech d’Stagen ënnerstëtzen, an et kann net sinn, dass d’Entreprisë Stagiaire fir näischt kréien."

D’Direktiv gesäit awer net fir, datt all Stage muss bezuelt ginn. D’EU-Member Länner géifen duerch déi nei Reegelen dozou opgefuerdert, d’Aarbechtskonditioune vun de Stagiaire méi streng ze kontrolléieren, sou de Nicolas Schmit. D’Direktiv muss awer nach vun de Memberlänner a vum Europaparlament adoptéiert ginn, ier se a Kraaft triede kann.