Radioen

On air

De Weekend  |  Queens Of The Stone Age - Make It Wit Chu

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Ausseministeren zu Kiew

Weider Hëllef fir d'Ukrain

EU-Ausseministeren zu Kiew

D’EU-Ausseministeren sinn haut op Kiew gereest, och de Lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn ass derbäi. Et ass en historescht Treffen: Nach ni hunn sech déi 27-EU-Staaten ausserhalb vun der EU getraff, esou den EU-Aussebeoptragten de Josep Borrell. Ënnert anerem ëm d’Finanzhëllefen fir d’Ukrain sollt d’Treffe goen, Entscheedunge ginn awer net erwaart.

auto_stories

1 min

Kuleba a Borrell | © picture alliance/dpa | Friedemann Kohler
Kuleba a Borrell (Foto: picture alliance/dpa | Friedemann Kohler)

Datt sech d’EU-Ausseministere sech baussent der EU, zu Kiew, treffen, wier schonn e staarke Message u sech, esou den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba. Et wier de Beweis dofir, datt d’Ukrain an d’EU sech ëmmer méi no kommen. 
Et soll awer net just beim symboleschen Akt bleiwen; längerfristeg Finanzéierungszousoen fir Militärhëllef fir d’Ukrain solle beschwat ginn, grad esou wéi d’Liwwerung vu Kampfjets a Rakéiten. Den EU-Aussebeoptragten Josep Borell geet awer net dovun aus, datt haut eng Entscheedung getraff gëtt. Bei dësem informelle Ministertreffen zu Kiew géif et ëm politesch Diskussioune goen, esou de Josep Borrell, et fënnt awer zu engem Zäitpunkt statt, wou d’Finanzhëllefen fir d’Ukrain aus den USA op der Kipp stinn: de gëscht gestëmmten US-Iwwergangshaushalt gesäit nämlech keng weider Hëllefsgelder fir d’Ukrain fir.
Virun allem den ungaresche Premierminister Viktor Orban huet fir déi nächst Finanzsprëtz vun 500Milliounen Euro nämlech Veto ageluecht. Dee kéint bei dësem Virgoen och elo Ënnerstëtzung kréien: an der Slowakei ass den Ex-Premier Robert Fico nämlech gëscht gewielt ginn. Op hien e Koalitiounspartner fënnt ass nach net kloer; kloer ass awer, datt de Fico d’Militärhëllef fir d’Ukrain aus der Slowakei stoppe wëll.