Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ EKR envisagéiert Mesurë géint de Fernand Kartheiser

KRITIK UM ADR-EUROPADEPUTÉIERTEN

EKR envisagéiert Mesurë géint de Fernand Kartheiser

D’Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer kéint vum ADR-Politiker verlaangen, eng Pro-Ukrain-Deklaratioun ze ënnerschreiwen. Doriwwer soll um Dënschdeg den Owend an enger Sitzung zu Stroossbuerg diskutéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Europäescht Parlament

Et ass déi éischte Kéier, datt d’Fraktiounsspëtzt ëffentlech op déi intern Diskussiounen iwwert deen eenzege Lëtzebuerger Member an der EKR-Fraktioun reagéiert.

Déi lescht Woch hat den EKR-Europadeputéierten Roberts Zile am 100,7-Interview gesot, de Fernand Kartheiser géing géint fundamental Valeure vun der Partei verstoussen.

Fraktiounsspëtzt wëllt Kartheiser ëmstëmmen

Déi Europäesch Konservativ a Reformer (EKR) hätten eng kloer Linn géint Russland, d’Partei géif déi europäesch Sanktiounen ënnerstëtzen, huet de Patryk Jaki, ee polneschen Europadeputéierten a Co-Chef vun der EKR-Fraktioun am Europaparlament een Dënschdeg op eis Nofro hinn ënnerstrach. 

“Dowéinst wäerte mir mat eisem Lëtzebuerger Member eng Diskussioun doriwwer féieren, a mir wäerte probéieren, hien ze iwwerzeegen, säi Point de vue ze änneren.”

Pro-Ukrain-Deklaratioun als "Léisung vum Problem"?

Eng Léisung kéint sinn, de Lëtzebuerger eng Deklaratioun ënnerschreiwen ze loossen, déi seet, datt d’EKR d’Ukraine géint déi russesch Aggressioun ënnerstëtzt, sou den Nicola Procraccini vun der italieenescher "Fratelli d’Italia", deen och Fraktiounschef vun EKR am Europaparlament ass.

Dat nämmlecht haten no den Europawalen am Juni zejoert, nei EKR-Membere musse maachen.

"Dat kéint eng gutt Léisung sinn. Mir si ganz transparent iwwer eis Problemer. An dëse Problem musse mir ugoen a léisen, well eis Positioun ass kloer, a mir wëllen net datt een oder eppes si verännert oder si zerstéiert."

Haut um Dënschdeg den Owend soll an enger Sitzung doriwwer geschwat ginn.

De Fernand Kartheiser hat am Juni géintiwwer dem radio 100,7 betount, datt vun him keng esou eng Ënnerschrëft gefrot gi war.

Lauschterenplay_arrow