Radioen

On air

Notturno  |  The Feelies - Stay The Course

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Liberty Steel: Reunioun tëscht Gewerkschafts- a Regierungsvertrieder

Stolwirtschaft

Liberty Steel: Reunioun tëscht Gewerkschafts- a Regierungsvertrieder

D’Personalvertriedung vum Liberty Steel-Wierk zu Diddeleng a Vertrieder vun LCGB an OGBL haten de Moien eng Entrevue mam neie Wirtschaftsminister Lex Delles a mam neien Aarbechtsminister Georges Mischo. Am Metallveraarbechtungswierk an der Industriezon Wolser ass d’Produktioun zënter ronn annerhallwem Joer gestoppt, an d’Zukunft bleift ongewëss.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dat fréiert ArcelorMittal-Wierk zu Diddeleng beschäftegt nëmmen nach ronn 160 Leit. “Zënter bal zwee Joer sëtze mir hei a kucken Netflix”, hat ee Mataarbechter vu Liberty Steel dem Tageblatt d’lescht Woch gesot.

Zur Situatioun am Wierk zu Diddeleng, huet den Aarbechtsminister Georges Mischo gesot, datt den Ofgrond vu Liberty Steel ëmmer méi grouss géif ginn.

Salairen net garantéiert

Et wier een am gaange Geschicht ze schreiwen, well et eng Situatioun, wéi déi bei Liberty Steel nach ni ginn hätt, esou de Robert Fornieri vum LCGB no der Sitzung haut am Wirtschaftsministère. Et wéist een zum Beispill net vu wou d’Sue fir d’Léin bis elo koumen. Et géif och keng Garantie ginn, datt d‘Salairë weider bezuelt géife ginn.

De Moment géif et net ëm eventuell finanziell Engagementer vum Staat goen, huet de Wirtschaftsminister Lex Delles däitlech gemaach. D’Regierung kéint fir de Moment keen Engagement huelen, géif awer un de Site gleewen.

Den Aarbechtsminister hofft op eng "uerdentlech Léisung"

Dem Stefano Araujo vum OGBL no, wier et fir d’Gewerkschafte wichteg, am Dossier Liberty Steel och de Kontakt mat den ëffentlechen Acteuren ze behalen, dat géif eng gewësse Rou an d‘Wierk bréngen.

De Minister Lex Delles huet ugekënnegt, vun der Direktioun vu Liberty Steel Informatioune wëllen ze froen, an duerno eng Entrevue mat der Direktioun. De Minister Georges Mischo hofft op eng „uerdentlech Léisung an dësem Dossier“.

Lauschterenplay_arrow