arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Japan ginn nom schwéieren Äerdbiewen éischt Doudesaffer gemellt

Naturkatastroph

|
reading time

1 min

A Japan ginn nom schwéieren Äerdbiewen éischt Doudesaffer gemellt

Beim Äerdbiewen am Südweste vu Japan wiere Leit an engem Akafszenter, dee beschiedegt gouf, gestuerwen. Dat mellt déi japanesch Televisioun. Op d‘mannst 50 Persoune wiere blesséiert an d‘Spidol komm. Och d‘Premierministesch Sanae Takaichi huet vu Blesséierte geschwat, ouni genee Zuelen ze nennen.

reading time

1 min

© EPA/JIJI PRESS JAPAN OUT
(Foto: EPA/JIJI PRESS JAPAN OUT)

Rieds geet och vu Stroumausfäll, vu Bränn a verschidde Géigenden a vu Gebaier, déi an de Koup gefall sinn. Et géif een d‘Aussmooss vun de Verletzungen an de Schied evaluéieren, esou d‘Premierministesch.

Zweet staarkt Äerdbiewe bannent engem Mount

D‘Äerdbiewe war op der Insel Kyushu an hat eng Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala. Direkt dono hunn d’Autoritéiten eng Tsunami-Warnung erausginn, déi awer an der Tëschenzäit opgehuewe gouf. 

Enn Juni eréischt war am Norde vu Japan en Äerdbiewe vun der Stäerkt vu 7,2 gemooss ginn.