OpenAI steet net zum Verkaf, esou de Sam Altman um KI Sommet zu Paräis géintiwwer der Noriichtenagence Bloomberg. Virdrun hat hie schonn op X, dem Elon Musk senger Plattform, mat „nee Merci“ op deem seng Offer reagéiert fir d‘KI-Entreprise z‘iwwerhuelen.
OpenAI ass den Entwéckler vu ChatGPT – de KI-Chatbot, dee viru ronn zwee Joer een Hype ëm kënschtlech Intelligenz ausgeléist hat.