Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Holland: Ex-Geheimdéngschtchef Dick Schoof soll neie Premier ginn

Riets Regierung

Holland: Ex-Geheimdéngschtchef Dick Schoof soll neie Premier ginn

An Holland soll de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Dick Schoof neie Premier ginn. Dat huet déi riets-konservativ Regierungskoalitioun ronn 6 Méint no de Wale matgedeelt.

auto_stories

1 min

Den Dick Schoof gehéiert kenger Partei un. Hien ass den Ament héije Beamten am Justizministère a gëllt als Expert fir Sécherheet a Migratioun - zwee zentral Punkte fir déi nei hollännesch Regierungskoalitioun.

De Rietspopulist Geert Wilders, deem seng Partei stäerkste Kraaft bei de Wale gouf, huet op d‘Amt vum Premier verzicht fir eng Koalitioun zu véier méiglech ze maachen. Am Koalitiounsaccord huet déi nei hollännesch Regierung ënner anerem eng däitlech Verschäerfung vun der Asylpolitik an de Bau vun neien Atomzentrale geplangt.