arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerch déi extrem Dréchent a staark Wandstéiss riskéieren Äscht a Beem ëmzefalen

Klima

|
reading time

1 min

Duerch déi extrem Dréchent a staark Wandstéiss riskéieren Äscht a Beem ëmzefalen

D’Bësch an Naturverwaltung warnt, datt den "Drëche–Stress" vun de Beem dozou feiere kéint, datt Äscht ofbriechen an erof falen. Dat well et zënter bal 6 Wochen net méi gereent huet an d’Temperature konstant héich bleiwen. MeteoLux mellt Wandstéiss tëschent 75 a 85 Kilometer an der Stonn.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Ënnert de Recommandatioune vun der Bësch an Naturverwaltung sinn, am Bësch net ze laang op enger Plaz stoen ze bleiwen, a net am Bësch e Picknicken.

De staatleche Wiederdéngscht huet eng giel Warnung wéinst staarkem Wand am Nomëtteg eraus ginn. Déi gëllt fir dat ganzt Land. Wéi Meteolux schreift, ass mat Wandstéiss tëschent 75 a 85 Kilometer an der Stonn, a lokal esou guer 90 Kilometer an der Stronn ze rechnen.