Am Cargo-Zenter um Findel goufen 88 Kilo Kokain saiséiert. D'Wuer hat e Wäert vun iwwer 4 Milliounen Euro um Schwaarzmaart. Dat huet de Parquet matgedeelt. Dëse Coup ass der lëtzebuergescher Douane a Kooperatioun mat der franséischer gelongen.
Illegal Substanze wéi Kokain oder Cannabis ginn a grousse Quantitéite mat Frachtfligeren duerch d’ganz Welt verschéckt. Op inoffiziellem Wee versteet sech.
Änlech wéi beim bis dato spektakuläersten Drogefond op engem Bauerenhaff am Éislek virun engem Joer, wou honnertee Kilo Kokain an enger Baumaschinn verstopp waren, gëtt d‘Wuer och am Loftraum als eppes aneres getarnt. E Pak géif deemno net als "Marihuana 500 Kg" verschéckt, esou de Procureur vum Stater Parquet den David Lenz.
"Dat heescht, dat si Leit, déi sech d'Méi maachen, Frachtpabeieren ze fälschen, déi sech d'Méi maachen, d'Saachen an Objeten anzebauen, an déi dat an Europa verschécken, verschëffen."
Kontinuéierlech Upassung gefuerdert
Bei de Capacitéiten, fir dat ze maachen, do wier ee bei engem organiséierte, kriminellen Netzwierk, betount den David Lenz.
Kriminell Netzwierker géife permanent nei Methoden entwéckelen, fir illegal Substanzen un den Autoritéiten erlaanscht ze schleisen, esou d’Douane op Nofro hin.
Esoubal d‘Schmuggler mierken, datt Douanesautoritéiten hier Taktiken duerchkuckt hunn, muss se sech eppes Neies afale loossen.Dës géif och eng kontinuéierlech technesch a methodesch Upassung op Säit vun der Douane erfuerderen.
Datt zejoert méi Drogen um Findel saiséiert goufen, erkläert sech de Procureur David Lenz ënnert anerem mat méi Kontrollen am In- an Ausland.
Droge komme virop aus Südamerika
Da wieren d‘Leit och méi forméier ginn an et hätt ee sech spezialiséiert. Sou datt verschidde Frachtpabeiere besser duerchkuckt ginn.
"Oder verschidden Analyse gemaach, wou een eng Risikoanalys draus mécht a wou ee sech seet: Dat dote kucken ech emol e wéineg vu méi no."
Och d’Douanesverwaltung verweist drop, datt an de leschte Jore vill an d’Kontrollinfrastrukturen um Findel investéiert ginn ass. Dat besonnesch ënner dem Aspekt, datt den Trafic vu Wueren aus Drëttlänner zouhëlt.
Déi meeschten Droge kéimen aus Südamerika, esou den David Lenz. Iwwer Lëtzebuerg géife se dann an aner Länner bruecht ginn.
"Ech wëll elo net ze vill am Detail goen, well nach verschidde Saache lafen."
Et geet virop ëm d'Netzwierker, déi hannendru stiechen
Nieft Droge ginn awer och sou genannte Précurseuren geschmuggelt. Also Substanzen déi am Akaf net onbedéngt illegal sinn, awer an der Hierstellung vu verschiddenen Droge benotzt ginn.
"D'Précurseuren dëst Joer, erstaunlecherweis manner, mir hunn der vläicht net esou vill erwëscht, dat ka gutt sinn, well mir kréien net alles mat."
Allgemeng géif et awer net ëm d‘Quantitéite goen déi saiséiert ginn, esou de Procureur vum Stater Parquet. Mee ëm d’Netzwierker déi dohanner stiechen.
Zil wier d‘Kontroll iwwert den Equiliber vun Offer an Demande ze halen, well de Krich géint den Drogeschmuggel kéint een net gewannen, esou de Procureur David Lenz.
Gelongene Coup bedeit héije wirtschaftleche Verloscht fir d'Organisatioun
Den Appetit no Geld a Muecht an dësem Geschäft wier immens grouss, esou de Procureur. Wann der Douane zesumme mat der Police an den Autoritéite vun der Justiz e Coup geléngt, da wier dat en héije wirtschaftleche Verloscht fir déi kriminell Organisatiounen.
Dofir wier och d’Vernichtung vun den illegale Substanz eng heikel Affär. Net seele wéilten Drogen-Karteller hire Verloscht nees recuperéieren.
Déi Leit, déi d‘Aufgab hunn d‘Drogen ze zerstéieren, misste beschützt ginn, esou den David Lenz.
"An och de Leit dobaussen ze soen, et huet kee Wäert ze kommen, well mir hunn déi néideg Precautioune geholl."
Nieft illegale Substanze gëtt all Joers och probéiert eng sëllegen aner Produiten iwwert de Findel an d’Land ze schmuggelen. 2025 si beispillsweis och iwwer 3 Millioun net deklaréiert Zigaretten um Findel beschlagnaamt ginn.