search

/ Findel: Zwee weider Rapatriementsvollen haut mat iwwer 400 Passagéier

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Findel: Zwee weider Rapatriementsvollen haut mat iwwer 400 Passagéier

Weider Lëtzebuerger:innen, déi wéinst dem Krich am Noen Oste blockéiert waren, kommen haut heem. E Luxair-Fliger ass ënnerwee op Lëtzebuerg. Den Owend soll och eng Militärmaschinn um Findel landen.

reading time

1 min

Luxair-Fliger | © picture alliance / ipa-agency | Alberto Lo Bianco
Luxair-Fliger (Foto: picture alliance / ipa-agency | Alberto Lo Bianco)

De Vol LG2120 soll géint 10:50 Auer um Findel landen. D'Mobilitéits- an Defenseministesch Yuriko Backes sot am 100,7-Interview, mat der Crew wieren 190 Leit an deem Fliger. 

Weider ass de Moie fréi e Militärfliger zu Maskat geland. D'Ministesch sot um 7:45 Auer an eisem Moiesstudio, dee Fliger wier "drop an dru" fortzefléien an hätt dem aktuelle Stand no eng 230 Persounen u Bord. Déi Leit géifen den Owend um Findel erwaart ginn. 

Eischt Rapatriements-Flich si gëschter ukomm

Gëschter am Laf vun Dag sinn zwee Fliger zu Lëtzebuerg ukomm. Kuerz viru 14:00 Auer koum eng Maschinn mat 97 Passagéier un, géint 19:00 Auer eng zweet, mat 104 Passagéier. 

Dem Ausseminister Xavier Bettel no sinn nach Lëtzebuerger:innen an där vum Krich betraffener Regioun. Un déi war et vun Ufank un den Appell, sech op der Plattform LamA vu myguichet.lu anzeschreiwen.