Radioen

On air

Tockcity  |  Marie Davidson - Sexy Clown (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Drëtt EU-Ëmfro iwwer de Gesondheetszoustand zu Lëtzebuerg lancéiert

Obligatoresch an EU-Memberstaaten

Drëtt EU-Ëmfro iwwer de Gesondheetszoustand zu Lëtzebuerg lancéiert

Haut, Mëttwoch, ass den Optakt vun der 3. EU-Ëmfro iwwert de Gesondheetszoustand vun de Residenten hei am Land. Vun haut u gi ronn 18.000 zoufälleg ausgewielt Awunner:innen, déi op d‘mannst 15 Joer al sinn, per Post ugeschriwwen, fir un der Enquête Deel ze huelen.

auto_stories

1 min

Dat mellen de Gesondheetsministère an de Luxembourg Institute of Health. D‘Froen dréinen ënnert anerem ëm de Gesondheetszoustand an d‘Notze vu Soinen. D‘Enquête ass eng Initiativ vun Eurostat an ass obligatoresch an all den EU-Memberstaaten. 

D‘Participatioun ass net obligatoresch – de Ministère encouragéiert d‘Awunner:innen nawell drun Deel ze huelen. D‘Resultater wieren essentiel fir fiabel Donnéeën iwwert de Gesondheetszoustand vun de Residenten ze kréien. D‘Enquête leeft nach bis Enn des Jores.